Section historique (Institut grand-ducal)

D'Section historique, eigentlech Section des sciences historiques, ass eng vun de Sektioune vum Institut grand-ducal.

Historique änneren

Am Joer 1845 gouf d'Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg vu Leit aus der "Bildungsbourgeoisie", déi un Archeologie a Geschicht intresséiert waren, gegrënnt (Fachhistoriker oder -archeologe gouf et sougutt wéi keng an där Zäit). Déi Leit hu sech, am Kontext vum "Nationbuilding", deen deemools zimmlech iwwerall am Gaang war, fir d'Erhale vun den historeschen Temoignagen - am Sënn vu materiellem an immateriellem Patrimoine - vu Lëtzebuerg an Ëmgéigend agesat [de legislativen Text am Memorial, deen d'Gesellschaft guttheescht, schwätzt kloer vum alen Herzogtum, deemno vu Lëtzebuerg[1] a senger gréisster Ausdeenung (1364-1659), als Fuerschungsgebitt. Den éischte President vun där Gesellschaft war de Jurist François-Xavier Wurth-Paquet.

D'Gesellschaft gouf méi spéit a Société archéologique ëmbenannt.

D'Société archéologique ass 1868 d'Section des sciences historiques (vgl. Mémorial vum 27. Oktober 1868, S. 247, Artikel 3 vum Règlement organique, wou kloer "Section des sciences historiques" steet!) vum deemolegen Institut royal grand-ducal, deem haitegen Institut Grand-Ducal, ginn.

Eng Lëscht vun den effektive Memberen, vun de Membres correspondants oder agrégés a vun den Éieremembere fënnt een an de Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg (PSH), Bd. CXXV (2012), op de Ss. 363-368.

Presidenten änneren

Literatur änneren

  • Peters, Jean, Fête du cinquantième anniversaire [de la] Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Bück, Luxembourg, 1896
  • Goedert, Joseph, De la Société archéologique à la Section historique de l'Institut Grand-Ducal. Tendances, méthodes et résultats du travail historique de 1845 à 1985, PSH (Publications de la Section Historique de l'Institut Grand-ducal de Luxembourg) Vol. 101, 1987

Referenzen änneren

  1. Art. 3. Le but de la Société sera la recherche et la conservation des monuments et des documents historiques et archéologiques concernant le Grand-Duché et le territoire de l'ancien Duché de Luxembourg.

Um Spaweck änneren