Jules Wilhelm (Historiker)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Historiker Jules Wilhelm. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jules Wilhelm.

De Jules Wilhelm, gebuer den 20. Mee 1866 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 7. Januar 1942, war e lëtzebuergeschen Historiker.

Jules Wilhelm
Gebuer 20. Mee 1866
Gestuerwen 7. Januar 1942
Aktivitéit Historiker

De Wilhelm huet zu Bonn a Paräis Germanistik a Romanistik studéiert. Vu Beruff war hie Lycéesprofesser am Dikrecher an am Stater Kolléisch.

Vun 1931 bis 1940 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

A Clausen ass déi Strooss, déi sech vun der Uelzecht bis op de Kierchbierg eropzitt, de fréiere Weimeschhaffer Wee, 1945 no him genannt ginn: d'Rue Jules-Wilhelm.[1],[2]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort, 1. Abrëll 1947, S. 2 (Jules Wilhelm)
  2. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 101: 69.
  3. Memorial A N° 4 vun 1929 mat der Lëscht vun de Leit déi 1929 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen