Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Schrauf ass e Stëft oder Bolzen, op dem baussendrop e Gewënn ass. Mat hir gëtt eng Verbindung hiergestalt, déi fest ass, ma déi een nees am Géigesaz zum Nol lassmaachen an nees unzéie kann.

Schrauwe mat diverse Käpp, Schlitzen a Gewiënner.

Déi zwou gängestst Zorte Schrauwe sinn Holz- (liicht konesch) a Metallschrauwen (zylindresch). Holzschrauwe schneide sech beim erandréine selwer hiert Géigegewënn. Bei de Metallschrauwen gëtt et e Géigegewënn. Wann d'Géigewënn net am volle Material ass da besteet et a Form vun enger Mudder, fir Material dertëscht festzehalen.