Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Mudder, als Deel vun enger Schrauf. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Mudder.

Eng Mudder ass eng Zort prismateschen Huelkierper mat engem Gewënn bannendran, an d'Géigestéck zu enger Schrauf. Mat Schrauf a Mudder ginn an der Reegel zwou Saachen zesummegehalen.

Verschidden Zorte Mudderen:
1. Sechskantmudder, 2. Flaach Mudder, 3. Huttmudder 4. Duebel Mudder, 5. Stoppmudder (Nylstop),6. Véierkantmudder, 7. Mudder mat Scheif, 8. Fligelmudder, 9. Gespléckt Mudder, 10. Mudder mat Zacken.

Déi gängegst Form ass déi sechseckeg (Sechskant). Je no Gebrauch variéiert hir Form.

Muddere kënne mat engem Schrauweschlëssel oder mat engem anere Geschier wéi z. B. enger Molette ugezunn, respektiv lassgeschrauft ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Mudderen – Biller, Videoen oder Audiodateien