Schiltzbierg

Lieu-dit an der Gemeng Fëschbech


Schiltzbierg ass e Lieu-dit an der Gemeng Fëschbech. Et läit um CR130 nordwestlech vu Guedber.

Schiltzbierg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Schiltzberg
de: Schiltzberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Fëschbech
Buergermeeschter Lucien Brosius
Awunner 16
  16.05.2006
Koordinaten 49° 44’ 18’’ N
      06° 13’ 16’’ O

E besteet aus sechs Gebaier.

Geschicht änneren

Am 18. Joerhonnert hu sech op där Plaz, wou nach keng Haiser stoungen, d'Stroosse vu Fëschbech op Jonglënster an déi vu Kéideng op Hiefenech gekräizt. 1824 sinn déi zwee éischt Haiser kartographesch festgehale ginn. Deemools housch dee Flouer Auf Hoelzen an huet zu Kéideng gehéiert. Am 19. Joerhonnert sinn nach e Grappvoll Haiser bäikomm. E Weekräiz vun 1843 steet do, wou d'Strooss bei d'Haiser eraféiert.[1]

Literatur änneren

  • Brosius, L., L. Karier & R. Miny, 2014. 100 Joer Pompjeeën an d'Gemeng Fëschbech. 294 S. Dréckerei Faber, Miersch. ISBN 978-99959-0-051-9. (Schiltzbierg: S. 262-273).

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.145.