Schiller (Moundkrater)
Moundkrater
De Schiller ass en Aschlagkrater am Süde vun der viischter Äerdmoundsäit, ëstlech vum Krater Phocylides an nordwestlech vun Clavius. De Krater Schiller huet eng koriéis, längelzeg-oval Form, bal wéi eng riseg Schongspur. D'Längsachs ass no Nordweste gedréit (an ongeféierer Richtung vum Mare Orientale). Um nërdlechen Enn ass eng laanggestreckt, kammaarteg Knupp, awer soss ass de Kraterbuedem zimmlech flaach.
Schiller (Moundkrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | -51,75° S |
Längt | -39,83° W |
Duerchmiesser | 179,36 km |
Déift | 2500 m[1] |
Selenographesch Längt | 39° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Julius Schiller († 1627) |
Krut säin Numm am Joer | 1935 |
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 47,17° S, 37,73° W | 11 km | [1] |
B | 48,88° S, 39,17° W | 17 km | [2] |
C | 55,36° S, 49,29° W | 45 km | [3] |
D | 55,05° S, 49,33° W | 9 km | [4] |
E | 54,59° S, 48,79° W | 8 km | [5] |
F | 50,66° S, 43,01° W | 13 km | [6] |
G | 51,23° S, 38,34° W | 9 km | [7] |
H | 50,63° S, 37,69° W | 72 km | [8] |
J | 49,65° S, 36,75° W | 8 km | [9] |
K | 46,7° S, 38,81° W | 10 km | [10] |
L | 47,12° S, 40,26° W | 10 km | [11] |
M | 48,22° S, 41,29° W | 9 km | [12] |
N | 53,62° S, 42,03° W | 6 km | [13] |
P | 53,58° S, 43,68° W | 6 km | [14] |
R | 52,25° S, 45,87° W | 8 km | [15] |
S | 54,97° S, 40,37° W | 22 km | [16] |
T | 50,73° S, 41,33° W | 7 km | [17] |
W | 54,51° S, 41,11° W | 16 km | [18] |
De Krater krut 1935 vun der IAU offiziell den Numm vum däitschen Astronom Julius Schiller.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
- Schiller op The-Moon Wiki
- Moundkaart 125: De Krater Schiller läit uewe lénks
Referenzen änneren
- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.