Rued (Simmer)

Uertschaft an der Gemeng Simmer

Rued ass eng Uertschaft an der Gemeng Habscht.

Rued
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Roodt
de: Roodt
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Habscht
Buergermeeschter Serge Hoffmann (CSV)
Awunner 250[1]
  Jan. 2018
Héicht 282 m
Koordinaten 49° 41’ 35’’ N
      06° 00’ 00’’ O

Geographie änneren

Rued läit um rietsen Uwänner vun der Äisch, am Nordhank vum Kréckelsbierg, um Fouss vum Bësch mat dem Numm Hélz.

Geschicht änneren

Rued war bis 1843 eng eegestänneg Gemeng. Vun do u bis Enn 2017 huet et zu der Gemeng Simmer gehéiert. Op den 1. Januar 2018 ass dës mat der Gemeng Habscht fusinéiert.

Bekannt Leit vu Rued änneren

De Medezinner a Botaniker Henri-Jean-Népomucène Crantz ass de 25. November 1722 zu Rued op d'Welt komm.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rued – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Rued vum Äischdall gesinn

Referenzen änneren

  1. "La commune se présente" op hobscheid.lu.