Rue de la Boucherie
Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg
D'Rue de la Boucherie, op lëtzebuergesch Fleeschiergaass, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Krautmaart aus a Richtung Oste bis bei de Rouscht.
Lëtzeb. Numm | Fleeschiergaass |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1247 |
Koordinaten | 49°36'41,29"N, 6°7'58,55"O |
Morphologie | |
Längt | 78 m |
Héicht i. M. | 304 m |
Geschicht |
Geschicht änneren
D'Strooss huet hiren Numm vun der Metzleschhal déi vum spéide Mëttelalter bis an d'Renaissance eran um Eck mam Krautmaart stoung, do wou haut d'Europahaus (Gilly-Haus) ass. D'Strooss krut hiren offiziellen Numm de 16. Mee 1925. Wärend der Nazizäit huet se Fleischerstrasse geheescht[1].
Biller änneren
-
D'Gilly-Haus, do wou fréier d'Metzleschhal stoung
-
De Lentzen Eck
-
D'Nummer 4
Um Spaweck änneren
D'Rue de la Boucherie an Ons Stad N° 4
Commons: Rue de la Boucherie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Blanche Weicherding-Goergen, Rue de la Boucherie - Ma ville et ses beautés cachées - Flëschirgaass an: Ons Stad, Nr. 14/1983, S. 20-21
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Rue de la Boucherie op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 30. Mäerz 2020