De Krautmaart (offiziell: rue du Marché-aux-Herbes) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Plaz, oder éischter eng Strooss, déi am Nordwesten als Verlängerung vun der Groussgaass, op der Kräizung mat der Schigrisgaass (rue du Nord) an der Rue Wiltheim ufänkt an op hirem südlechen Enn iwwer d'Kräizung mat der Waassergaass ewech, an d'Hossegässel (rue du Saint-Esprit) iwwergeet.

Rue du Marché-aux-Herbes
Numm lb: Krautmaart
fr: Rue du Marché-aux-Herbes
Fréieren Numm lb: Neie Maart
fr: Rue du Gouvernement,
Rue de de la Trinité
de: Krautmarkt
(verschidden Deeler, bis 1925)[1]
Längt ca.210 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 1728
Koordinaten 49° 36’ 39.4’’ N
      06° 07’ 56.8’’ O
Genannt no Kichekraut, Maart

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Krautmarkt” geheescht[2].

Gebaier änneren

Déi bekanntst Gebaier um Krautmaart sinn de Groussherzogleche Palais an d'Chambersgebai. Och dat eelst Wunnhaus aus der Stad, d'Haus Höcklin von Steinach, steet do vis-à-vis. De Conrotseck, op Nummer 1-3, ass 1989 an den Zousazinventaire vun de klasséiertre Monumenter agedroe ginn. Bis 1779 stoung um Krautmaart, do, wou haut d'Chambersgebai ass, d'Nikloskierch.

Den Numm änneren

 
De Maart virum Regierungsgebai, ëm 1834. Gravur vum Nicolas Liez.

Den Numm "Krautmaart" kënnt dohier, well d'Leit aus der Ëmgéigend do Kraider a soss Geméis verkaaft hunn. E gouf ufanks Neie Maart genannt, fir e vum Ale Maart, dem haitege Fëschmaaart, z'ënnerscheeden.

"Um Krautmaart" gëtt metonymesch dacks fir d'Chamber, dat Lëtzebuerger Parlament, gebraucht.

Um Spaweck änneren

Commons: Krautmaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.