Rue d'Ivoix
Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg
D'Rue d'Ivoix ass eng Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft tëscht der Rue de Houffalize am Norden an dem Rangwee am Süden, parallel mat der Diddenuewener Strooss.
D'Rue d'Ivoix op Héicht vun der Place de Durbuy | |
Offiziellen Numm | Rue d'Ivoix |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Postcode | 1817 |
Koordinaten | 49°35'24,43"N, 6°8'23,42"O |
Morphologie | |
Längt | 350 m |
Héicht i. M. | 289 m |
Geschicht | |
Genannt | 15. Mee 1954 |
Genannt no | Carignan |
Geschicht änneren
D'Strooss krut hiren Numm de 15. Abrëll 1954[1] an ass no der franséischer Uertschaft Ivoix (Departement Ardennes) genannt, déi zanter 1632 Carignan heescht, an am Laf vun der Geschicht zu de lëtzebuergeschen Territoirë gehéiert huet.
Biller änneren
-
D'Rue d'Ivoix, vum Rangwee aus a Richtung Norde gekuckt
-
am nërdlechen Deel: Aarbechten am Kader vum geplangte Pôle d'échange
Um Spaweck änneren
Commons: Rue d'Ivoix – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Ville de Luxembourg, Dénomination des rues - Rue d'Ivoix. www.archives-vdl.findbuch.net (15.04.1954). Gekuckt de(n) 15.03.2022.