Departement Ardennes

franséischt Departement
Ardennes (08)
Regioun Grand Est
Prefecture Charleville-Mézières
Ënnerprefecture Rethel
Sedan
Vouziers
Bevëlkerung 290.130 Aw.(1999)
Fläch 5.229 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 19
Gemengen 455

D'Ardennes (08) ass e franséischt Departement, an der Regioun Grand Est. Säin Numm huet et vun den Ardennen, déi do hir südlech Ausleefer hunn.

Geschicht änneren

D'Departement gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, gegrënnt, an zwar aus Deeler vun de fréiere Provënze Champagne an Argonne, vum Fürstentum Sedan.

Geographie änneren

D'Ardennen-Departement läit an der Regioun Champagne-Ardenne a grenzt un d'Departementer Meuse, Marne an Aisne, an am Norden un d'belsch Wallounesch Regioun. Den héchste Punkt ass d'Croix-Scaille op 504 m.

D'Ardennen, déi dem Departement den Numm ginn hunn, si just am Norden heivun ze fannen. D'Meuse leeft queesch derduerch.

Demographie änneren

D'Awunner ginn op Franséisch Ardennais(es) genannt.

Kuckt och änneren

 
D'Meuse an de franséischen Ardennen, mat riets am Bild d'Uertschaft Laifour

Um Spaweck änneren

Commons: Ardennes – Biller, Videoen oder Audiodateien