De Roger Martin du Gard, gebuer den 23. Mäerz 1881 zu Neuilly-sur-Seine a gestuerwen den 23. August 1958 zu - Bellême, war e franséische Schrëftsteller. Hie gouf 1937 mam Nobelpräis fir Literatur ausgezeechent.

Roger Martin du Gard
Gebuer 23. Mäerz 1881
Neuilly-sur-Seine
Gestuerwen 22. August 1958
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet,
École des Chartes,
École du Louvre,
Lycée Janson de Sailly
Aktivitéit Schrëftsteller, Archivist, Dramatiker

Seng Romaner sinn enk mat gesellschaftlechen a politeschen Theme vu senger Zäit duerchwierft. Hien huet modern Techniken applizéiert, wéi d'Abaue vu Bréiwer, Dagesbicher, Artikelen asw. fir d'Personnagen an d'Handlung méi authentesch erëmzeginn.

Säin Haaptwierk ass de Romanzyklus an 8 Bänn, Les Thibault (1922-1940). Zesumme mam Proust, Valéry, Gide a Claudel war hien ee vun den Haaptleit vun der Nouvelle Revue française. 1955 gouf säi Gesamtwierk an der prestigiéiser Bibliothèque de la Pléiade erausginn.

Bibliographie (Auswiel) änneren

  • Devenir (1906)
  • L'Une de Nous (1909)
  • Jean Barois (1913)
  • Le Testament du père Leleu, farce (1914)
  • Les Thibault: Le Cahier gris (1922)
  • Les Thibault: Le Pénitencier (1922)
  • Les Thibault: La Belle Saison (1923)
  • Les Thibault: La Consultation (1928)
  • Les Thibault: La Sorellina (1928)
  • La Gonfle (1928)
  • Les Thibault: La Mort du père (1929)
  • Un Taciturne (1931)
  • Confidence Africaine (1931)
  • Vieille France (1933)
  • Les Thibault: l'Été 1914 (1936)
  • Les Thibault: l'Épilogue (1940)
  • Le journal du colonel de Maumort (1941)
  • Notes sur André Gide (1951)

Um Spaweck änneren