De Marcel Proust, gebuer den 10. Juli 1871 zu Paräis an do gestuerwen den 18. November 1922 war e franséische Schrëftsteller.

Marcel Proust
Gebuertsnumm Valentin Louis Georges Eugène Marcel Proust
Gebuer 10. Juli 1871
16. Arrondissement
Gestuerwen 18. November 1922
16. Arrondissement
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École libre des sciences politiques,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Romancier, Essayist, Schrëftsteller, Literaturkritiker, Dichter, Prosaist

D'Zouwendung vu senge gutt situéierten Elteren an eng Asthmakränkt hunn dem sensiblen a begabte Proust seng Kandheet a seng Jugend dominéiert. Ouni datt hien huet misse Sue verdéngen, huet hie sech an de Kreesser vun der dekadenter Paräisser Uewerschicht opgehalen.

Eréischt nom Doud vu sengen Elteren (1903 resp. 1905) an enger Verschlëmmerung vu senger Krankheet huet hie sech op d'Schreiwe konzentréiert. An engem schall- a liichtgeschützte Raum huet hie säin Haaptwierk À la recherche du temps perdu verfaasst, dat vun 1913 bis 1927 erauskoum. Den 2. Band huet him 1919 de Prix Goncourt abruecht an doropshi gouf hien international bekannt.

Wierk änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Marcel Proust – Biller, Videoen oder Audiodateien