Roger Corman

US-amerikanesche Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller

De Roger Corman, gebuer de 5. Abrëll 1926 zu Detroit, Michigan, ass en US-amerikanesche Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmregisseur.

Roger Corman
Gebuertsnumm Roger William Corman
Gebuer 5. Abrëll 1926
Detroit
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University,
Beverly Hills High School
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Julie Corman

De Roger Corman huet iwwer e puer honnert Filmer fir de Kino an d'TV produzéiert. A méi wéi 50 huet hien och d'Regie gefouert. Hien huet déi éischt Filmer vu Regisseure wéi Francis Ford Coppola (Dementia 13, 1963), Martin Scorsese (Boxcar Bertha, 1972), Jonathan Demme (Caged Heat, 1974), James Cameron (Piranha Part Two: The Spawning, 1981), Joe Dante (Piranha, 1970) a Ron Howard (Grand Theft Auto, 1977) produzéiert

An den 1960er Joren huet de Corman déi nach haut bekannt Verfilmunge vun Edgar Allen Poe Geschichte produzéiert. An deene Filmer wéi House of Usher, The Raven, The Tomb of Ligeia mat dem Vincent Price an der Haaptroll, huet hien och Regie gefouert.

An iwwer 30 Filmer wéi The Silence of the Lambs vum Jonathan Demme, Apollo 13 vum Ron Howard, Der Stand der Dinge vum Wim Wenders, war de Corman als Schauspiller ze gesinn.

Filmographie (Kino) änneren

als Regisseur a Produzent änneren

vun 1955 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1989 änneren

als Produzent (Auswiel) änneren

vun 1954 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis... änneren

Autobiographie änneren

  • How I Made A Hundred Movies in Hollywood and Never Lost a Dime. (zesumme mam Jim Jerome). 239 S., Da Capo Press, New York 1998. ISBN 0-306-80874-9.

Literatur (Auswiel) änneren

  • Mark Thomas McGee: Roger Corman. The Best of the Cheap Acts. 247 S., Jefferson, McFarland, London 1997, ISBN 0-306-80874-9.
  • Alan Frank: The Films of Roger Corman. Shooting My Way Out of Trouble". 194 S., BT Batsford, London 1998, ISBN 0-713-48272-9.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Roger Corman – Biller, Videoen oder Audiodateien