Den David McCallum, gebuer als David Keith McCallum Jr. den 19. September 1933 zu Glasgow a gestuerwen de 25. September 2023 zu New York, war e schottesche Schauspiller.

David McCallum
Gebuer 19. September 1933
Maryhill
Gestuerwen 25. September 2023
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Museker, Auteur

Als Schauspiller gouf hie bekannt mat der Roll vum Agent Illya Kuryakin déi hien 105-mol an der Serie The Man from U.N.C.L.E. gespillt huet. Hie war vun 2003 bis 2023 a 457 Episode vun der Serie NCIS ze gesinn.

Am Kino krut hie Rollen a bekannte Filmer wéi Freud-The Secret Passion vum John Huston, Billy Budd vum Peter Ustinov an nach an The Great Escape vum John Sturges.

Hie war vun 1957 bis 1967 mat der Schauspillerin Jill Ireland bestuet.

Filmographie änneren

Kino änneren

TV (Auswiel) änneren

  • 1958-1959: Our Mutual Friend - [TV-Mini-Serie] - (10 Episoden)
  • 1959: The Eustace Diamonds - [TV-Serie] - (6 Episoden)
  • 1961: Sir Francis Drake - [TV-Serie] - (1 Episod)
  • 1964-1968: The Man from U.N.C.L.E. - [TV-Serie] - (105 Episoden)
  • 1972-1974: Colditz - [TV-Serie] - (26 Episoden)
  • 1975-1976: The Invisible Man - [TV-Serie] - (13 Episoden)
  • 1978: Kidnapped - [TV-Serie] - (13 Episoden)
  • 1979-1982: Sapphire & Steel - [TV-Serie] - (34 Episoden)
  • 1991-1992: Trainer - [TV-Serie] - (23 Episoden)
  • 2003-2023: NCIS - [TV-Serie] - (457 Episoden)

Um Spaweck änneren

Commons: David McCallum – Biller, Videoen oder Audiodateien