Ramborn ass de Markennumm vum Gedrénks vun der lëtzebuergescher Entreprise Ramborn Cider Co., déi virun allem Cider (Viz) produzéiert.

Ramborn Cider Co.
D'Ramborn-Vizerei zu Bur.
Grënnungsdatum 2015
Sëtz 23, Duerfstrooss,
Bur (Rouspert-Mompech)
Lëtzebuerg
Branche Gedrénks
Produit Viz a soss Produkter
op Basis vun Uebstjus
Homepage ramborn.com

D'Firma mat Sëtz zu Bur (Rouspert-Mompech) gouf 2015 vun dräi Associéë gegrënnt. déi déi al Traditioun vun der Vizproduktioun nees wollten opliewe loossen.[1]

Si schafft mat iwwer 100 Bauerebetriber an der Emgéigend zesummen, déi hir Äppel vu Ramborn presse loossen. Dat dréit indirekt zum Erhale vun de Bongerte mat hiren alen Uebstzorte bäi.[1]

Nieft Viz aus Äppel an haaptsächlech dräi Varianten produzéiert Ramborn och deeës aus Bieren (Perry) an aus Quidden, ma och Jusen, Drëppen an Esseger.[2]

Den Numm "Ramborn" ass e Portmanteau-Wuert, zesummegesat aus Rambo, enger aler Äppelzort, a Born, den Numm vum Duerf op däitsch.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Iwwer eis" op ramborn.com.
  2. "Produkter" op ramborn.com.