E Bongert ass eng Plantatioun mat Uebstbeem oder -traisch, déi ugeluecht gëtt, fir Uebst ze zillen.

Am Bongert Altenhoven zu Beetebuerg.

Zu Lëtzebuerg an an der direkter Ëmgéigend sinn déi geleefeg Uebstbeem an de Bongerten Äppel- Bieren-, Quetschen-, Prommen-, Mirabellen-, Réngglotten- oder Kiischtebeem.

An de Bongerte sinn et meeschtens Heichstämm-Uebstbeem.[Source?] Bei den Äppelbeem sinn et traditionell déi al Zorten, se si méi robust a manner ufälleg fir Krankheeten.

D'Äppel aus de Bongerten zu Lëtzebuerg ginn dacks geholl fir Viz ze maachen.[Source?]

Den Numm kënnt vun enger Kontraktioun aus Bam + Gaart.

Eng speziell Zort vu Bongert ass de Päsch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bongerten – Biller, Videoen oder Audiodateien