RTL Eent

Satir-Internetsäit op Lëtzebuergesch

RTL Eent ass eng Satir-Internetsäit op Lëtzebuergesch, déi zënter ufanks Januar 2024 vum Kënschtlerkollektiv Richtung22 bedriwwe gëtt[1].

Bild vun der Websäit RTL Eent (rtl1.lu) vum 20.01.2024

An enger Opmaachung déi staark un de fréiere Layout vun rtl.lu erënnert, gi reegelméisseg kritesch bis zynesch-satiresch Artikele publizéiert, mat deenen RTL Lëtzebuerg ugeprangert gëtt, ë. a. wéinst senger journalistescher Manéier, enger Interessevermëschung tëscht RTL an der Lëtzebuerger Politik an och dem Fait datt de Mediegrupp en ëffentleche Service erfëlle misst, awer nieft de Subside vum Staat och nach zu engem groussen Deel duerch kommerziell Publicitéit finanzéiert gëtt. Richtung22 seet, datt si absënns op „Gesetzesbréch, Verstéiss géint de Pressekodex, nawell zolidd politesch Verstréckungen, Favoritismus an Ofhängegkeete bis an d'EU Kommissioun eran, Täuschung a Vertuschung, ganz vill grotteschlecht redaktionell Aarbecht an natierlech: Reklammen, Reklammen, Reklammen[2] vun RTL hiweise wëllen.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (de)Künstlerkollektiv Richtung 22 steckt hinter „RTL Eent“. luxemburger-wort-online (2024-01-20). Gekuckt de(n) 2024-01-20.
  2. (lb)admin, Wien huet Angscht virun RTL?. Richtung22 (2024-01-16). Gekuckt de(n) 2024-01-20.