Satir

literaresch Technik

Satir ass eng literaresch Technik mat där e bestëmmt Theema op d'Schëpp geholl gëtt (z. B. Persounen, gesellschaftlech Mëssstänn, etc.), dacks mat der Intentioun eng Diskussioun dodriwwer unzereegen an/oder e Changement erbäizeféieren. Hautdesdaags fënnt ee Satiren awer net nëmmen an der Literatur, mä och an anere Medien a souguer an der Konscht.

D'Wuert kënnt vum laténgesche satira, dat selwer vu satura lanx ofgeleet ass - "eng mat Friichte gefëllte Schuel" oder am iwwerdroene Sënn "faarweg gemëschtent Allerlee".

D'Satir gouf am Mëttelalter (an totalitäre Regimmer nach bis haut) duerch d'Zensur vun den Autoritéiten am Staat verhënnert. D'Aféierung vun der Presse- a Meenungsfräiheet huet deem awer en Enn gesat, soudatt op d'mannst an den opgeklärte Staate sozial Kommentaren an Iwwerzeegungen op eng humorvoll Aart a Weis fräi virgedroe kënne ginn.

Et gëtt verschidde Forme vu Satir:

  • d'Ënnerdreiwung léisst eppes méi kleng erschénge wéi et wierklech ass, fir datt ee sech sou de wierklechen Ausmoossen an Défaute méi bewosst gëtt;
  • d'Iwwerdreiwung steigert dee spréchwiertleche Fräsch dee sech opgeblosen nach, bis datt e platzt a seng a Wierklechkeet onbeitend Positioun evident gëtt;
  • d'Niefteneestelle setzt zwou Saache vun ongläicher Importenz op dee selwechten Niveau, fir datt d'Ënnerscheeder dofir ëmsou méi eraustrieden;
  • d'Parodie imitéiert de Stil an d'Technike vun enger Persoun, Plaz oder Saach, fir hire lächerleche Grondcharakter erauszeschaffen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Satir – Biller, Videoen oder Audiodateien