Rádio e Televisão de Portugal

portugiseschen Televisiounssender


Rádio e Televisão de Portugal SGPS, S.A. (RTP) ass eng ëffentlech-rechtlech portugisesch Radio- an Televisiounsstatioun.

Rádio e Televisão de Portugal
Typ S.A.
Grënnungsdatum 7. Mäerz 1957
Sëtz PRTPRT Cabo Ruivo
PRTPRT Lissabon
Leedung Portugisesche Staat
Mataarbechter 1597 (2018)
Branche Medien
Homepage http://rtp.pt

D'Gesellschaft besteet aus de Beräicher RDP (Radiodifusão Portuguesa) fir de Radio an RTP (Radiotelevisão Portuguesa) fir d'Tëlee.

RTP ass Member vun der "Organización de Telecomunicaciones Iberoamericanas" (Verband vun de Fernseestatiounen a Latäinamerika, Portugal a Spuenien), der European Broadcasting Union an ass Aktionär vun Euronews.

Programmer änneren

Radio änneren

  • Antena 1
  • Antena 2
  • Antena 3
  • Antena 1 Açores – regional Versioun vum éischte Programm fir d'Azoren
  • Antena 1 Madeira – regional Versioun vum éischte Programm fir Madeira
  • Antena 3 Madeira – regional Versioun vum drëtte Programm fir Madeira
  • RDP Internacional – internationale Programm
  • RDP África – Programm fir déi lusophon afrikanesch Länner

Tëlee änneren

  • RTP1
  • RTP2 – kulturell Sendungen, auslännesch Serien
  • RTP3 – Noriichtesender
  • RTP Memória – al Emissioune vun RTP
  • RTP Açores – regionale Programm fir d'Azoren
  • RTP Madeira – regionale Programm fir Madeira
  • RTP Internacional – internationale Programm
  • RTP África – Programm fir déi lusophon afrikanesch Länner