European Broadcasting Union

D'European Broadcasting Union, EBU; (fr: Union Européenne de Radio-Télévision, de: Europäische Rundfunkunion) ass en Zesummeschloss vun zur Zäit 74 Radiossenderen a 56 Staate vun Europa, Nordafrika an am Noen Osten mat Sëtz zu Genf.[1]

Logo vun der EBU (zanter Juli 2012)
Memberlänner vun der EBU

Dobäi kommen nach ongeféier hallef sou vill associéiert Senderen aus der ganzer Welt.[2]

President vun der EBU ass den Intendant vum frankophone belsche Sender RTBF, Jean-Paul Philippot. Vizepresident ass de Claudio Cappon vum italieenesche Sender RAI. Haaptamtleche Generaldirektesch vun der EBU ass d'Schwäizerin Ingrid Deltenre, déi fréier Direktesch vum Schwäizer Fernseesender.

Geschicht änneren

D'EBU gouf den 12. Februar 1950 op enger Konferenz zu Torquay (Groussbritannien) mam Zil gegrënnt, en Netzwierk fir den Austausch vun Noriichtefilmer opzebauen. Des Weidere soll d'EBU déi technesch Entwécklungen am Radio- a Fernseeberäich virun dreiwen a standardiséieren. Grënnungsmembere waren 23 Radiossender aus Europa an dem Mëttelmierraum.

Am Joer 1953 huet d'EBU d'Kréinung vun der englescher Kinnigin Elisabeth II. als éischt international Livesendung iwwerdroen. Déi éischt „offiziell“ Eurovisiounssendung war d'Iwwerdroung vum Narzissefestival 1954 vu Montreux. 1956 war d'Ausstralung vum éischten Eurovision Song Contest.

1993 huet sech d'EBU mat hirem osteuropäesche Pendant OIRT zesummegeschloss.

Am November 2011 huet Andorra wéinst finanzielle Schwieregkeete seng Memberschaft gekënnegt.[3] Et ass nach net genee bekannt wéini d'Memberschaft vum Land eriwwer ass.

Aktivitéiten änneren

Radio änneren

1991 gouf op Demande vun der EBU d'Héierspill Das Treffen in Valladolid vum britteschen Auteur Anthony Burgess (A Clockwork Orange) vun all de Memberslänner an hirer jeeweileger Sprooch produzéiert an zäitgläich vun alle Senderen iwwerdroen.[4]

Fernsee änneren

Déi bekanntst Produktioun vun der EBU ass den Eurovision Song Contest deen all Joer am Fréijoer iwwerdroe gëtt. Produzéiert gëtt e vum Sender aus deem Land dat am Joer virdru gewonnen huet.

Vun 1965 bis 1999 ass vun der EBU d'Sendung Spiel ohne Grenzen iwwerdroe ginn. Doriwwer eraus produzéiert se an eegener Regie de Concours Eurovision Young Dancers an nach verschidde Kannerprogrammer an Dokumentarfilmen.

D'EBU bedreift och en eegene Satellittekanal, iwwer deen d'Members-Sender sech géigesäiteg eegent (Video-)Material zur Verfügung stellen.

Aktiv Memberen änneren

Déi meescht Voll-Membere si Senderen déi dem Staat gehéieren oder et si privat Radiosstatioune mat engem ëffentlechen Informationsoptrag.

Land Radiosender Ofkierzung
  Egypten Egyptian Radio and Television Union ERTU
  Albanien Radio Televizioni Shqiptar RTSH
  Algerien Entreprise nationale de radiodiffusion sonore ENRS
Entreprise nationale de télévision ENTV
Télédiffusion d'Algérie TDA
  Andorra Ràdio i Televisió d'Andorra (Mitgliedschaft gekündigt) RTVA
  Armenien Public Radio of Armenia ARMR
Public Television of Armenia ARMTV
  Aserbaidjan İctimai Televiziya və Radio Yayımları Şirkəti İTV
  Belsch Vlaamse Radio- en Televisieomroep VRT
Radio-télévision belge de la Communauté française RTBF
  Bosnien an Herzegowina Javni Radio Televizijski Servis Bosne I Hercegovine JS BIH
  Bulgarien Bulgarischer Nationaler Hörfunk BNR
Bulgarisches Nationales Fernsehen BNT
  Dänemark Danmarks Radio DR
TV2 Danmark DK/TV2
  Däitschland Arbeitsgemeinschaft der öffentlich-rechtlichen Rundfunkanstalten der Bundesrepublik Deutschland (inklusiv Deutschlandradio an Deutsche Welle) ARD
Zweites Deutsches Fernsehen ZDF
  Estland Eesti Rahvusringhääling ERR
  Finnland MTV3 MTV3
Yleisradio YLE
  Frankräich Groupement des radiodiffuseurs français: Télévision Française 1, France Télévisions, Canal+, Radio France a Radio France Internationale GRF
Europe 1 E1
  Georgien Öffentlicher Rundfunk Georgiens SSM
  Griicheland Elliniki Radiofonia Tileorasi ERT
  Irland Radio Telefís Éireann RTE
TG4 TG4
  Island Ríkisútvarpið RUV
  Israel Israel Broadcasting Authority IBA
  Italien Radiotelevisione Italiana RAI
  Jordanien Jordan Radio and Television Corporation JRTV
  Kroatien Hrvatska Radiotelevizija HRT
  Lettland Latvijas Radio LR
Latvijas Televīzija LTV
  Libanon Télé-Liban TL
  Libyen Libyan Jamahiriyah Broadcasting Corporation LJBC
  Litauen Lietuvos nacionalinis radijas ir televizija LRT
  Lëtzebuerg Radio Télévisoun Lëtzebuerg (fréier Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion) RTL
Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle du Grand-Duché de Luxembourg ERSL
  Malta Public Broadcasting Services Ltd PBS
  Marokko Société nationale de radiodiffusion et de télévision SNRT
  Nordmazedonien Makedonska radiotelevizija MRT
  Moldawien Teleradio-Moldova TRM
  Monaco Groupement de Radiodiffusion monégasque: Radio Monte Carlo, TMC Monte Carlo a Monte-Carlo Radiodiffusion GRMC
  Montenegro Radio Televizija Crne Gore RTCG
  Holland Nederlandse Publieke Omroep NPB
  Norwegen Norsk rikskringkasting NRK
TV 2 AS TV2
  Éisträich Österreichischer Rundfunk ORF
  Polen Polskie Radio i Telewizja PRT
  Portugal Radiodifusão Portuguesa SA RDP
Radiotelevisão Portuguesa SA RTP
  Rumänien Societatea Româna de Radiodifuziune: Radio România ROR
Societatea Româna de Televiziune: Televiziunea Română TVR
  Russland Perwy kanal C1R
Radio Dom Ostankino RDO
Rossija 1 RTR
  San Marino San Marino RTV SMRTV
  Schweden Sveriges Television och Radio Grupp: Sveriges Television, Sveriges Radio a Sveriges Utbildningsradio STR
TV4 TV4
CHE  Schwäiz Schweizerische Radio- und Fernsehgesellschaft SRG SSR
  Serbien Radio-Televizija Srbije RTS
  Slowakei Rozhlas a televízia Slovenska RTVS
  Slowenien Radio Televizija Slovenija RTV SLO
  Spuenien Radiotelevisión Española RTVE
Sociedad Española de Radiodifusión SER
Cadena de Ondas Populares Españolas COPE
  Tschechesch Republik Český rozhlas ČRo
Česká televize ČT
  Tunesien Établissement de la radiodiffusion-télévision tunisienne ERTT
  Tierkei Türkiye Radyo ve Televizyon Kurumu TRT
  Ukrain Natsionalna Telekompanija Ukraïny NTCU
Nazionalna Radiokompanija Ukrajiny NRCU
  Ungarn Magyar Rádió MR
Magyar Televizió HU/MTV
  Vatikanstad Radio Vatikan RV
  Vereenegt Kinnekräich British Broadcasting Corporation BBC
United Kingdom Independent Broadcasting UKIB
  Wäissrussland Nazyjanalnaja dsjarjaunaja teljeradyjokampanija Respubliki Belarus BTRC
  Zypern Cyprus Broadcasting Corporation CyBC

Referenzen änneren

  1. Memberslëscht, Mee 2011 (PDF, 759 KiB)
  2. D'Informatiounen op der offizieller Websäit schwanken: 35 no der Informatioun op [1], 36 duerch Nozielen dovun, 43 laut [2] (ofgeruff 2. August 2010)
  3. http://eurovision.blog.ndr.de/2011/11/14/nachruf-auf-ein-tapferes-land/
  4. Deutschlandfunk, Das Hörspiel, 11. Februar 2012. In: dradio.de (12. Februar 2012)