D'Porte Saint-Martin war eng Paart an de Festungsmauere vu Léck. Se huet schonn zur Zäit vum Notger zu de Festungsanlage gehéiert, déi um Publémont stoungen.

D'Porte Saint-Martin ëm 1820

Ënner dem Jean de Hornes gouf se neigebaut an duerch eng staark Bastioun verdeedegt.

D'Paart stoung um Wee, deen haut an d'Abtei Saint-Laurent féiert, an dann aus Léck eraus op Huy. Well iwwer dëse Wee haaptsächlech d'Gefierer aus Léck eraus gefuer sinn huet e Chemin de Huy à Liége par chariots geheescht.

D'Paart gouf 1823 ewechgerappt.