Als Poche vu Verdenne (en: pocket of Verdenne) ginn d'Kämpf ëm déi kleng Ardenneruertschaft Verdenne, an der Zäit vun der Ardennenoffensiv bezeechent.

Monument tëscht Verdenne a Bourdon dat un d'Kämpf zu Verdenne erënnert

Den 20. Dezember 1944 war déi 84. amerikanesch Infantriedivisioun aus der Géigend vun Oochen ofgezu ginn, an huet Positiounen tëscht Marche an Hotton besat, fir ze verhënneren datt déi däitsch Divisioun Wandhond iwwer d'Koppe bei Marche an den Dall vun der Famenne kéinte kommen a sou en direkten Wee op d'Meuse hätten.

Den 20. Dezember owes waren déi éischt amerikanesch Unitéiten op de Koppen tëscht HollogneVerdenneMarenneMenil ukomm. Gläichzäiteg gouf bei Hollogne eng Spär op der Strooss Baaschtnech-Namouer opgeriicht, wouduerch déi 2. däitsch Panzerdivisioun forcéiert gouf hire Wee z'änneren. D'116. Pz.D. war bei Hotton net iwwer d'Ourthe komm an huet en Ëmwee iwwer La Roche an Direktioun Marche gemaach. Dobäi koum se duech déi kleng Uertschaft Verdenne, déi se du mëttes de 24. Dezember besat huet.

An der Nuecht hunn d'Amerikaner eng Konterattack gestart an hunn no heftege Kämpf d'Uertschaft zeréckeruewert, déi duerno nach e puermol bal vun der enger a bal vun der anerer Partei besat gouf. Eréischt de 26. Dezember no engem groussen Haiserkampf, dacks Mann géint Mann, gouf Verdenne definitiv liberéiert. Vun der 116. Panzerdivisioun ware knapps 600 Mann dovukomm.

Wéinst der amerikanescher Konteroffensiv déi fir den 3. Januar ugesat war huet déi 53. Welsh Divisioun déi 84. I.D. ersat, an huet de 4. Januar eng Attack op der Achs Marche-Hotton lancéiert. Wéinst dem schlechte Wieder mat Glatäis koumen hir gepanzert Gefierer schlecht weider a konnten d'Fousstruppen net vill ënnerstëtzen. Mä trotz defavorable Konditiounen, an engem intensiven däitschen Artilleriesfeier konnten déi walisesch Truppen d'Uertschafte Menil, Waharday, Rendeux a Grimbiemont besetzen. No dräi Deeg an dräi Nuechten haarde Kämpf bei äiskalem Wieder hat déi 53. Welsh Divisioun 105 Mann verluer, a gouf gläich drop vun der schottescher 51. Highland Divisioun ersat.

Déi 84. Infantriedivisioun hat soubal wéi se vun der 53. Welsh Divisioun ersat gi war nei Positiounen tëscht Hotton a Manhay bezunn an hunn du bei der alliéierter Konterattack gehollef.

Déi brittesch gefalen Zaldote goufen um Zaldotekierfecht vun Hotton bäigesat.