Baaschtnech

belsch Gemeng


Baaschtnech (Bastogne op Franséisch a Wallounesch, Bastenaken op Hollännesch, Bastnach op Däitsch) ass eng Stad, Sektioun an Haaptuert vun der Gemeng mat deem selwechten Numm an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Baaschtnech
An anere Sproochen fr: Bastogne
de: Bastnach
wa: Bastogne
nl: Bastenaken
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Awunner 14 577 (1. Jan. 2008)
Fläch 17,203 km²
Koordinaten 50° 00’ 15’’ N
      05° 43’ 12’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6600
Websäit https://www.bastogne.be
Lag vun der Gemeng (rout)
an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro)
am Arrondissement Baaschtnech (donkelgro)

Zanter der belscher Gemengereform vun 1977 gehéieren haut déi fréier Gemenge Longvilly, Noville, Villers-la-Bonne-Eau a Wardin zu der Gemeng Baaschtnech.

Zur haiteger Sektioun Baaschtnech gehéiere follgend Uertschaften: Bizory, Hemroulle, Isle-la-Hesse, Isle-le-Pré, Savy a Senonchamps.

Baaschtnech läit op der Nationalstrooss N4 déi vun Arel bis op Baaschtnech zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Um Territoire vun der Uertschaft Al Hé an der fréierer Gemeng Longvilly huet d'Lingserbaach hir Quell.

D'Awunner gi Bastognards genannt.

Geschicht änneren

Baaschtnech daucht eng éischt Kéier 634 schrëftlech op, wéi en Herzog vun Austrasien der Abtei vun Tréier säi Besëtz vu Baaschtnech iwwerdréit, dee 721 un d'Abtei Prüm iwwergeet. An der Ardennenoffensiv, am Wanter 1944/45, hat Baaschtnech besonnesch vill ze leide gehat. E Memorial, dat sougenannte Monument um Mardasson, erënnert dorun. Do donieft steet de Bastogne Historical Center, e Musée iwwer d'Kämpf ëm a ronderëm Baaschtnech.

Wopen a Fändel änneren

De Baaschtnecher Wopen erënnert un d'Vergaangenheet vu Baaschtnech dat am 13. Joerhonnert dem Doumkapitel Notre-Dame vun Oochen gehéiert huet. Vum Baaschtnecher Wope wësse mer datt en eng éischt Kéier den 18. November 1818 vum Hollännesche Kinnek an engem Arrêté festgehale gouf:

In de lengte doorgesneeden van rood en blauw. De mooeder Gods en het Kindeke geplaatst op het geheel. Het schild gedekt met en gouden kroon.
[Partie de gueules et d'azur, à la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus brochant sur le tout. L'écu sommé d'une couronne d'or.]

No der Onofhängegkeet gouf am neie Staat nees alles frësch konfirméiert. Dofir goufen zwou Decicisiounen am Gemengerot geholl an zwar den 11. Dezember 1837 an de 5. August 1841 déi mat engem Arrêté royal vum 13. Abrëll 1842 confiméiert goufen:

Mi-parti[es] de gueule et d'azur, à la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus au naturel, vêtus et couronnés d'or. L'écu timbré d'une couronne de même.

Fir et dann nach eng Kéier besser ze maachen, gouf dunn no de Gemengefusioune mat Longvilly, Noville, Villers-la-Bonne-Eau a Wardin den 23. Februar 1977 déi ganz Prozedur mat enger Decisioun vum Gemengerot nees eng Kéier frësch ugekierpt. Den Arrêté royal gouf de 24. Abrëll 1980 geholl an d'Publikatioun am Moniteur belge war de 4. Juli 1980 mat follgender Beschreiwung:<br<

Brochant sur un parti cousu de gueules et d'azur, la Sainte Vierge avec l'Enfant Jésus, de carnation, vêtus d'or et ceints d'une couronne à trois fleurons du même, la Vierge tenant de la senestre un sceptre fleurdelisé aussi d'or. L'écu sommé d'une couronne à cinq fleurons d'or[1].

De Fändel vu Baaschtnech ass follgendermoosse beschriwwen:

Divisé transversalement en deux, rouge à la hampe et bleu au large.

Jumelagen änneren

Baaschtnech ass mat Périers an der Normandie jumeléiert, an huet de 16. Abrëll 2005 eng Partnerschaft mat der Gemeng Tulette an der Drôme geschloss.

Literatur änneren

  • Auguste Neyen, Histoire de la Ville de Bastogne depuis son origine celtique jusqu'à nos jours; Lëtzebuerg (Vic. Bück), 1868; d'Buch gouf 1982 zu Bréissel (Éd. Culture et Civilisation) nei opgeluecht; 494 Säiten.
  • Louis Lefèbvre, Histoire de Bastogne; Bd. I: Des origines à Jean l'Aveugle - De Jean l'Aveugle à 1500; Arel, 1990.

Buergermeeschtere vu Baaschtnech änneren

Zäit Buergermeeschter Bemierkungen
Belsch Revolutioun – 1832 François Thomas
11.08.1832 – 31.12.1842 François Siville
01.01.1843 – 14.05.1846 Henri Metz Gestuerwe virum Enn vum Mandat
18.07.1846 – 13.04.1868 François Hansez Gestuerwe virum Enn vum Mandat
François Thomas (ff)
28.10.1868 – 08.07.1871 François Thomas Gestuerwe virum Enn vum Mandat
Victor Mortehan (ff)
10.11.1871 – 11.07.1872 Arsène André Demissionéiert
02.09.1872 – 31.12.1884 Victor Mortehan
01.01.1885 – 31.12.1887 Lucien Eschweiler
01.01.1888 – 31.12.1890 Victor Mortehan
01.01.1891 – 25.05.1895 Louis Lambotte Demissionéiert
Firmin Delferriere (ff)
21.01.1896 – 21.12.1903 Louis Lambotte
01.01.1904 – 31.12.1911 Stanislas Duschêne
01.01.1912 – 01.12.1925 Alphonse Lefèbvre Gestuerwe virum Enn vum Mandat
Evrard Blérot (ff)
03.09.1926 – 31.12.1926 Evrard Blérot
01.01.1927 – 29.11.1940 Alphonse Materne Ofgesat vun der däitscher Besatzung
13.07.1940 - ? Parmentier f.f Genannt vun den Däitschen
05.05.1941 – 10.06.1944 Pierre Renquin (ff) Verhaft vun den Däitschen
00.06.1944 - 00.09.1944 Joseph Jeangout (ff) genannt vun den Däitschen
00.09.1944 – 31.07.1945 Léon Jacqmin (ff) genannt vun den Amerikaner
31.07.1945 – 31.12.1964 Pierre Renquin
01.01.1965 – 31.12.1976 Louis Olivier Ersat duerch de Charles Govaerts déi Zät an där e Minister war.
01.01.1977 – 2000 Guy Lutgen PSC
Joseph MOINET (ff) 86, 87, 88, 94 – PSC
Philippe Collard (ff) 95, 96, 97, 98
Gilbert Stilmant (ff) 99 – PSC
Zanter 2001 Philippe Collard MR
Député fédéral zanter dem 14.07.99
Conseiller provincial vun 1985-1999

Kuckeswäertes änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Baaschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kierch St. Pierre aus dem 12.-16. Joerhonnert
 
D'Porte de Trèves
 
D'Generol-McAuliffe-Plaz
  1. Armoiries communales en Belgique Tome I