Plan incliné vu Ronquières

De Plan incliné vu Ronquières ass e Schëffslift an der Belsch, zu Ronquières an der Provënz Hainaut, deen 1968 um Kanal Charleroi-Bréissel ugeluecht gi war. Mat dem Bau vun deem Schëffslift waren d'Aarbechte vun der Vergréisserung vum Kanal vum 300-Tonne Gabarit op 1.350 Tonnen, déi zwanzeg Joer gedauert haten, ofgeschloss. De Bau vum schife Plang selwer hat 1962 ugefaangen. Duerch de Bau vum Schëffslift konnte 16 Schleisen um ale Kanal broochgeluecht ginn an d'Kanalstreck gouf ëm ronn 4,8 km gekierzt.

De Plan incliné. Deen Trach riets am Bild, mat enger Peniche dran, ass grad am Gaang, eropgezunn ze ginn.
D'Kanalbréck vum ieweschte Schleisebaseng

De Plan incliné vu Ronquières gläicht en Héichtenënnerscheed vu 67,73 Meter op enger Längt vu 1.432 Meter aus. E besteet aus zwéin Träch, déi op Schinne montéiert sinn. All Trach ass 91 m laang an 12 m breet a kann op enger Héicht vun 3 bis 3,70 m mat Waasser gefëllt ginn. Eng Péniche vu bis zu 1350 Tonnen, oder e puer méi kleng Schëffer, kënnen duerch eng Schleis eran- an erausfueren.

Den Trach gëtt mat Hëllef vun 8 Kabelen, mat Hëllef vun engem Cabestan (eng Zort Ankerwann) an engem Kontergewiicht vu 5.200 Tonnen, mat enger Vitess vun 1,20 m/s erop- oder eroffuere gelooss. E brauch deemno eng Dräivéierelstonn fir säin Trajet.

Den Accès vun de Schëffer am ieweschte Baseng, bis bei d'Schleisepaart geschitt iwwer eng ronn 400 m laang Kanalbréck.

Zu der Installatioun gehéiert och nach eng elektresch Zentral, fir d'Fonctionnement vun den elektresch bedriwwenen Deeler ze garantéieren, mat enger klenger Produktiounsunitéit.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Plan incliné vu Ronquières – Biller, Videoen oder Audiodateien