Kanal Charleroi-Bréissel

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Kanal Charleroi-Bréissel ass e Schëffskanal an der Belsch. En ass zougelooss fir d'Schëffsklass IV bis 1.350 Tonnen a stellt de südlechen Deel vun der ABC-Verbindung duer. De Kanal deen 68,202 km laang ass huet säin Ufank zu Dampremy bei Charleroi um lénksen Uwänner vun der Sambre a säin Enn ass zu Bréissel ënner der Bréck déi vun der Place Sainctelette op de Square Sainctelette féiert.[1] Et ass e Scheetkanal deen de Baseng vun der Schelde mat deem vun der Sambre verbënnt. Iwwer de Canal du Centre, deen en Uschloss un de sougenannten Embranchement principal zu Houdeng-Goegnies huet, ass e mat Mons verbonnen, an doriwwer eraus beim Grand Large un de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes an den Escaut am Südweste mat de franséische Stied Lille an Dunkerque.

De Kanal
De Kanal zu Anderlecht (Haaptstadregioun Bréissel)
Vue op de Plan incliné
D'Tranchée bei Godarville
Den Ufank vum Kanal zu Dampremy, lénks am Bild ass d'Ausfaart fir an d'Sambre ze kommen

Dat wichtegst Bauwierk um Kanal ass de Plan incliné vu Ronquières.

Geschichtleche Kontext änneren

De Bau vum Kanal Charleroi-Bréissel am Kader vun der A-B-C Verbindung, ass déi logesch Suite vum Bau vum Kanal vu Willebroek dee 1561 fäerdeg gouf. Sou koum de Kanal fir d'éischt 1570 an d'Gespréich. Zu Charleroi, déizäit nach Charleroy, an zu Jumet goufen du scho Kuelen a grousse Quantitéiten exploitéiert, där hiren Transport op Bréissel, Malines, Léiwen an Antwerpen iwwer relativ schlecht Stroossen, onkamoud an deier war. Dee Kanal sollt gréisstendeels laanscht d'Senne féieren. Et sollt awer bis zum Abrëll 1656 dauere bis datt eng Etüd fir de Bau gefrot gouf.[2]

Éischte Projet änneren

Nodeem verschidden Demandë fir e Kanal ze bauen ëmmer nees an d'Eidelt gelaf waren, krut schliisslech de 6. Abrëll 1656 de Conseil vum Hainaut, deemools États du Hainaut genannt, d'Autorisatioun fir e Projet auszeschaffen. De Kanal sollt vun der Sambre fortgoen, laanscht de Piéton erop op Nivelles féieren, an da laanscht d'Dodaine an den Dall vun der Senne kommen, fir mat där bis op Bréissel ze kommen.

De 14. Mäerz 1660 huet de Magistrat vu Bréissel eng visite des lieux gemaach an d'Ingenieuren H. Janssens, J. Vanwreede, Cornelis Peeters a P. Mercx kruten den Optrag e Plang auszeschaffen. An deem Plang war virgesi fir d'Niveausënnescheeder mat 19 Schleisen (géint 55 Stéck beim éischte 70-Tonne Kanal) auszegläichen, a fir de Scheedbaseng sollt eng 45 Meter déif Tranchée ugeluecht ginn (géint zwéin Tunnellen an de spéidere Realisatiounen). Dat Ganzt sollt 2.800.000 Florin kaschten.

De 25. August 1660 gouf déi Etüd presentéiert, awer aus dem Projet gouf näischt.

Zweeten Ulaf änneren

Déi Bréisseler hu sech awer net ginn an hunn 1669 nees eng Kéier nogekroopt. Den 18. Januar dat Joer hunn d'Neuf nations an d'Schëffsleit vu Bréissel beim Generalgouverneur eng Ufro fir de Bau vun neie Kanäl an d'Verbesserung vun den ale gemaach. Doropshi gouf an de Wisen tëscht dem Vieux-Marché an der Paart vun Anderlecht ugefaangen e Baseng auszegruewen. Déi Aktioun huet net dat gewënscht Resultat bruecht an de Projet gouf als net ausféierbar deklaréiert.

Um Enn vum 17. Joerhonnert gouf déi spuenesch Regierung op de Kanalbau opmierksam gemaach, mä et war alt erëm ëmsoss.

Projet Vionnois änneren

Wéi no der franséischer Revolutioun d'Fransousen Här a Meeschter waren hunn de Bréisseler Handel an d'Minièresbesëtzer vu Charleroi d'Demande fir eng Schëffsverbindung tëscht den zwou Stied ze kréien, erëm frësch lancéiert. Sou koum et datt 1801 de Consulat de Chefingenieur Philippe Vionnois chargéiert huet en neie Projet auszeschaffen. Hie krut dofir den 23. Prairial vum Joer X vum Emmanuel Crétet, Generaldirekter vun de Ponts-et-Chaussées speziell Instruktiounen iwwer den Tracé, mat der Missioun eng definitiv Etüd ze maachen. Nodeem hie seng Levéeë gemaach hat, an d'Waasserverhältnesser fir de Kanal ze fidderen, studéiert hat, huet hie säi Projet de 4. Germinal vum Joer XI ofginn.

An dësem Projet gouf fir d'éischt d'Plaz vum Scheedbaseng prezis definéiert, wéi se bei de spéidere Projete bäibehale gouf, a wou en haut och nach ass an zwar op der Schwell vun der Bête-Refaite. An all de Projete virdru war ni un déi Plaz geduecht ginn, obschonn do Waasserhältnesser méi gënschteg ware wéi an der Géigend vun Nivelles.

Den Tracé sollt um Kapp vum Kanal vu Bréissel op d'Rupel ufänken an da flossop den Däller vun der Senne an der Samme nolafen iwwer Halle, Tubize, Ronquières, Arquennes a Seneffe bis op de Suedel tëscht Bellecourt a Godarville wou entweeder eng grouss Tranchée sollt ugeluecht ginn, oder en Tunnel. Op der Säit vun der Sambre sollt et dem Dall vum Piéton no biergof goen, laanscht Pont-à-Celles a Roux bis op Charleroi.

Am Projet hat de Vionnois e Käschtepunkt vu 6.516.137 Frang virgesinn. Den 29. Thermidor vum Joer XII huet de Generalinspekter Gauthey dem Conseil vun de Ponts et Chaussées de Projet presentéiert. An deem waren och fir d'éischt d'Moosse vun de Schleisen an de Gabarit vum Kanal festgehale ginn. Sou sollt d'Breet um ieweschte Waasserniveau 21 Fouss (6,82 m) sinn, an den Déifgank 7,5 Fouss (2,44 m). D'Schleise sollten 3,90 × 27,03 Meter hunn an d'Breet fir den Tunnel war op 5,85 m festgeluecht.

Projet Vifquain a Bau änneren

Et sollt awer bis 1823 dauere bis de Wëllem I. vun Holland dem Ingenieur Jean-Baptiste Vifquain den Optrag ginn huet, fir dem Vionnois seng Pläng nees opzegräifen an z'iwwerschaffen. Dem Vifquain säi Projet huet e Kanal fir 70-Tonne-Schëffer virgesinn, déi extra dofir gebaut goufen a spéider als Baquet de Charleroi bekannt goufen. De Projet gouf 1826 approuvéiert an 1827 goung et mam Baue lass. De gréisste Problem war um Scheet tëscht dem Baseng vun der Sambre an deem vum Escaut. Fir dem Héichtenënnerscheed aus de Féiss ze goe gouf de ronn 1.300 m laangen Tunnel vun der Bête refaite,och nach Tunnel des Hollandais genannt, tëscht Godarville a Culots gebaut. Am Ganze goufe 55 Schleise gebaut, dovun 11 tëscht Charleroi a Seneffe, a 44 tëscht Seneffe a Bréissel. 1832 gouf de Kanal a Betrib geholl, an et war elo méiglech mam Uschloss un de Kanal vu Willebroek an domat och un den Escaut, d'Kuelen aus der Géigend vu Charleroi präisgënschteg an Holland ze transportéieren.

Den zweete Kanal änneren

Well d'Navigatioun ëmmer méi grouss gouf, gouf vun 1854 ugefaangen de Kanal méi breet a méi déif ze maache fir datt Schëffer vun 300 Tonnen drop konnte fueren. Bei där Geleeënheet gouf och en neie méi breeden Tunnel eppes méi südlech vun deem éischten ugeluecht. Amplaz vu 55 Schleise goufen et der nëmmen nach 38 an d'Kanalbrécken zu Hal an zu Molenbeek waren och suppriméiert ginn. Déi Aarbechte waren 1880 ofgeschloss.

Ëm 1914 war d'Capacitéit vum Kanal op de leschten 22 km schonn erëm net méi grouss genuch, a sou huet d'Regierung decidéiert deen Deel fir Schëffer vu 600 Tonnen ze vergréisseren. Doduerch konnt de Kanal anengems e bësselchen d'Roll vun engem Iwwerlafbaseng bei Iwwerschwemmunge vun der Senne op der Héicht vu Lembeek iwwerhuelen. D'Schleisenzuel ass déi selwecht bliwwen.

Den drëtte Kanal änneren

Nom Zweete Weltkrich gouf alt erëm eng Kéier vergréissert. Den 1.350-Tonne Gabarit war déi Kéier ugesot a mat dem neie Kanal sollt d'Rees vu Charleroi op Bréissel nëmme méi een Dag daueren amplaz dräi. Mat den Aarbechte gouf 1950 ugefaangen an 1968 wéi de Schëffslift vu Ronquières a Betrib goung, war Vergréisserung definitiv ofgeschloss. D'Schleisenzuel war vun 38 op 10 erofgaangen, haaptsächlech wéinst dem Schëffslift deen an engem Siess 67.53 m iwwerwënnt, a 16 Schleisen ersetzt. Fir ze verhënneren datt de Kanal bei engem Accident um Schëffslift eidel ka lafe gouf bei Feluy eng 30 Meter breet Porte de garde. gebaut. Den Tunnel vu Godarville gouf duerch eng breet Tranchée ersat.

D'Héchstvitesse ass 8 km/h.

De Waasserproblem änneren

Well de Kanal e grousse Scheetbaseng huet, dee véier Uschlëss huet wou geschleist ka ginn, ass et net sou einfach fir ëmmer genuch Waasser ze hunn. Scho beim ale Kanal, dee vill méi kleng Schleisen hat, war dat e Problem, well einfach net genuch Baachen um Plateau vu Seneffe waren, déi Waasser hätte kënne liwweren. Um Laf vun der Samme ware Wierer gebaut ginn, an op anere Plaze wéi z. B. zu Luttre stoung eng Pompelstatioun wou eng Dampmaschinn eng Archimedesschrauf ugedriwwen huet fir Waasser aus 2 Baachen an de Kanal ze pompelen. D'Gebai vun där Pompelstatioun ass haut nach nieft dem Kanal ze gesinn. Well de meeschte Waasserverbrauch beim Schleise vu klenge Schëffer entsteet, kann et scho virkommen datt déi mussen e Strapp waarden, fir datt eventuell e Regruppement gemaach ka ginn, oder d'Schleis net onnëtz volllafe gelooss gëtt, fir just ee Schleisegank ze maachen.

Déi eenzeg Baachen déi de Kanal direkt fiddere sinn d'Samme déi zu Ronquières draleeft, an den Hain dee bei Clabecq draleeft. De grousse Waasserverbrauch op der Schleis vun Ittre gëtt duerch eroppompele vum ënneschte Schleisebaseng an den ieweschte kompenséiert. Dat ass déi eenzeg Pompelstatioun op der Säit vum Escaut. Op der Säit vun der Sambre huet all Schleis eng Pompelstatioun déi all Kéier mat 4 Pompele schaffen déi am Ganzen 8,8 m3 an der Sekonn kënne pompelen. Dat Waasser muss all aus der Sambre ofgezaapt ginn. Well déi awer och scho vu sech aus e schappege Waasserzoulaf huet, gouf fir de Waassermanktem ze kompenséieren, eng ronn 25 km méi südlech mat de Staudämm vun der Eau d'Heure e grousse kënschtleche Waasserreservoir ugeluecht. Kuckt dozou och: Waasseralimentatioun op der Sambre

De Schëffslift vu Ronquières an de Lift vu Strépy-Thieu um Canal du Centre déi allen zwéin direkt um Scheedbaseng hänken, sinn dofir ganz wichteg Anlagen, net nëmme well se en ettlech Schleisegäng an domat Zäit spueren, mä och well se praktesch guer kee Waasser bei de Schleisegäng verbëtzen.

De Kanal an Tabelleform änneren

An der Tabell hei drënner stinn déi wichtegst Konstruktiounen an Uschlëss, wa bekannt mat dem Kilometerpunkt a mat de geographesche Koordinaten.

Bauwierk / Uschloss / Hafen Dimensiounen / Bemierkungen Héicht / Längt PK Koordinaten
Schleis vu Marchienne-au-Pont 85,1 m × 11,5 m
Vergréisserungsprojet fir 2014: 112,50 m x 12,50 m
6,20 m 2.573 50° 25’ 23.70’’ N 04° 23’ 45.39’’ O
Schleis vu Gosselies 85,8 m × 11,5 m
Vergréisserungsprojet fir 2014: 112,50 m x 12,50 m
7,20 m 6.847 50° 27’ 33.45’’ N 04° 24’ 16.81’’ O
Schleis vu Viesville 85,92 m × 11,5 m
Vergréisserungsprojet fir 2014: 112,50 m x 12,50 m
7,50 m 9.403 50° 28’ 49.27’’ N 04° 23’ 35.22’’ O
Branche de Bellecourt Um lénksen Uwänner. Ass haut e Jachthafen.
Fréier gouf et do en Uschloss un d'Eisebunn.
Haut gëtt et do nach en Dréchendock.
1.150 m 23.667 50° 30’ 32.16’’ N 04° 16’ 26.15’’ O
Accès ale Kanal Um rietsen Uwänner 200 m 24.170 50° 30’ 43.42’’ N 04° 16’ 06.12’’ O
Haaptofzweigung Um lénksen Uwänner
Mécht d'Verbindung mam Canal du Centre
6.321 m 26.206 50° 31’ 20.31’’ N 04° 14’ 41.64’’ O
Branche de la Croyère Originn zu Houdeng-Goegnies
um lénksen Uwänner vun der Haaptofzweigung
1.000 m 4.485 (vun der Haaptofzweigung) 50° 29’ 57.17’’ N 04° 11’ 45.95’’ O
Branche de La Louvière Originn zu Houdeng-Goegnies
um lénksen Uwänner vun der Haaptofzweigung
703 m 6.059 (vun der Haaptofzweigung) 50° 29’ 55.55’’ N 04° 11’ 30.67’’ O
Darse vu Feluy Lénksen Uwänner 500 m 29.218 50° 32’ 55.34’’ N 04° 13’ 41.40’’ O
Porte de garde vu Feluy Breet: 30 m 29.043 50° 32’ 51.13’’ N 04° 13’ 48.78’’ O
Plan incliné vu Ronquières 91,0 m × 11,6 m (zwéin Träch) 67,53 m 34.184 50° 35’ 53.93’’ N 04° 13’ 18.44’’ O
Branche vu Ronquières Rietsen Uwänner 1.000 m [3] 36.077 50° 36’ 24.47’’ N 04° 13’ 28.13’’ O
Schleis vun Ittre 90,0 m × 12,0 m 13,33 m [4] 41.444 50° 39’ 07.58’’ N 04° 13’ 57.29’’ O
Schleis vu Lembeek 81,6 m × 10,5 m 7,07 m 48.525 50° 42’ 32.69’’ N 04° 13’ 19.17’’ O
Schleis vun Halle 81,6 m × 10,5 m 3,03 m 52.408 50° 44’ 17.89’’ N 04° 14’ 29.75’’ O
Schleis vu Lot 81,6 m × 10,5 m 3,70 m 56.177 50° 45’ 58.98’’ N 04° 16’ 11.47’’ O
Schleis vu Ruisbroek 81,6 m × 10,5 m 3,70 m 59.252 50° 47’ 22.88’’ N 04° 17’ 34.15’’ O
Schleis vun Anderlecht 81,6 m × 10,5 m 3,70 m 62.646 50° 49’ 10.45’’ N 04° 18’ 06.21’’ O
Schleis vu Molenbeek 81,6 m × 10,5 m 4,70 m 66.841 50° 50’ 58.70’’ N 04° 20’ 05.52’’ O

Historesch Reschter änneren

Historesch Reschter vun de Virgänger vum haitegen 1.350 to-Kanal sinn déi zwéi längst Kanaltunnellen déi an der Belsch gebaut goufen, an zwar um éischte 70 Tonne-Kanal den Tunnel vun der Bête-Refaite mat 1.268 Meter, an um méi spéiden 300 Tonne-Kanal den Tunnel vu Godarville mat 1.050 Meter.

Vu Ronquières un, kann ee flossop de ganzen alen Deel, mat de 16 Schleisen déi net méi gebraucht ginn, kucke goen. Den ënneschten Deel dovu gëtt als Parkplaz fir Hausbooter benotzt. Déi zwou ënnescht Schleise funktionéieren nach an déi uewendriwwer sinn all zougetippt an hu just en Iwwerlaf.

Um Spaweck änneren

Commons: Kanal Charleroi-Bréissel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. AR 16-12-1981, art. 1
  2. Chronologie vum Kanal
  3. Am Gesetz vun 1981 geet nach vun 1.860 m rieds. An der Tëschenzäit gouf awer déi drëttlescht Schleis och zougetippt
  4. ass 2013 déi Schleis an der Belsch mat deem zweetgréissten Niveausënnerscheed, déi mat dem gréissten ass d'Schleis vu Lanaye