D'Place de Gand ass eng Plaz um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se läit tëscht der Rue Astrid, der Rue Charlemagne an der Rue d'Oradour an ass 7 Ar grouss.[1]

Place de Gand
Numm fr: Place de Gand
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Koordinaten 49° 36’ 29.1’’ N
      06° 06’ 24.0’’ O
Genannt no Gent

Geschicht änneren

D'Plaz ass no der Belscher Stad Gent ((fr) Gand), der Haaptstad vun der Provënz Ostflandern benannt.

Den 12. September 2016 huet de Gemengerot dofir gestëmmt, d'Plaz ze renovéieren. Fir am Ganzen 154.700 Euro huet de Stater "Service des parcs" zesumme mam "Services de la voirie" an dem "Service de l'éclairage public" d'Place de Gant nei aménagéiert. Et si Sëtzplaze mat engem Dësch an enger Skulptur installéiert ginn. Och en ëffentleche Bicherschaf ass dohigestallt ginn. De 4. Juli 2017 ass en Noperschaftsfest organiséiert an d'Plaz nei ageweit ginn.[1]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place de Gand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Site vun der Stad Lëtzebuerg: Réouverture de la place de Gand (4. Juli 2017)