E Pingo (Inuktitut: Hiwwel) ass eng Këppchen déi méi oder wéineger ronn ass, an eleng a Gebidder mat Permafrascht ze fannen ass. De Pingo besteet aus engem Aiskär, enger sougenannter Äislëns déi am Buedem läit, an dem Buedem deen driwwer ass, an dee vum Äis an d'Luucht gehuewe gouf.

Pingoe bei Tuktoyaktuk a Kanada

Pingoe fënnt een an Nordamerika, Nordsibirien, am Norde vum Ural, op Grönland, an der Antarktis, an Alaska an op Spitzbergen.

A Sibirien si Pingoen ënner dem jakuteschen Numm bulganniakh bekannt.

Pingoruin änneren

Pingoruine si Sanken am Terrain déi no der Äiszäit entstane sinn, wéi et a Mëttel- a Westeuropa méi waarm gouf, an d'Äis geschmolt ass. Eng grouss Parti vu sou Dällte fënnt en am Héije Venn. Do gi se Vivier genannt, a sinn d'Reschter vu pingoähnleche Formatiounen, Palsa genannt. Och an Holland sinn der ze fannen. Eng vun de bekannte Pingoruinen ass d'Esmeer tëscht Veenhuizen a Boven-Smilde.

Um Spaweck änneren

Commons: Pingoen – Biller, Videoen oder Audiodateien