Panda-Club Lëtzebuerg
De Panda-Club ass eng Initiativ vum Nationalmusée fir Naturgeschicht. De Club bitt Natur- a Fräizäitaktivitéite fir Kanner tëscht 6 an 10 Joer.[1].
Geschicht änneren
Ursprénglech war de Panda-Club e Veräin ouni Gewënnzweck, deen den 28. Abrëll 1987 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf.[2] De vollstännegen Numm vun der A.s.b.l. war Panda-Club fir jong Leit an hir Ëmwelt asbl.
An den 1990er Jore gouf de Veräin opgeléist an zanterhier funktionéiert de Panda-Club als Ofdeelung am Naturmusée, déi un de Service éducatif rattachéiert ass.
Aktivitéiten änneren
An der Schoulzäit ginn dënschdes an donneschdes Nomëttes Aktivitéiten ugebueden, an der Vakanz all Dag. Si sinn entweeder am Naturmusée oder am Galileo Science Mobil, dem wëssenschaftleche Bus vum Naturmusée.
- Déieren a Planze kenneléieren;
- mat der Lupp oder mam Nuetssiichtgerät Wisen, Weieren oder Hielen erfuerschen;
- Ausflich an d'Natur mam Mountainbike, Katamaran, Seegelboot, Biergschong oder mam Päerd;
- praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen oder e Weier uleeën;
- schaffe mat der Lupp oder mam Mikroskop;
- e Champignon, e Schlappendéierchen, e Mineral, eng Waasserdrëps vu ganz no kucken;
- zeechnen, bastelen oder bestëmmen;
- am Leem oder am Deeg triwwelen, Viz maachen;
- Naturspiller, Rallyen an Naturfilmer;
- Reesen: Camps nature, Auslandsreesen, Naturschutzgebidder, Zooen a Parken.
Publikatiounen änneren
De Panda-Club gëtt follgend Publikatiounen eraus, déi un all Membere geschéckt ginn:
- Panda-News, de geneeë Programm vun allen Aktivitéiten, kënnt sechsmol am Joer eraus;
- De Panewippchen, eng illustréiert Zäitschrëft, kënnt véiermol am Joer eraus.
Um Spaweck änneren
Referenzen an Notten änneren
- ↑ U Jonker vun 11 bis 18 Joer riicht sech de Science Club.
- ↑ Dem Panda-Club seng Grënnungsstatute goufen am Mémorial Nr. 20: 914 aus dem Joer 1988 publizéiert.