Naturschutzgebitt Saueruecht

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

D'Naturschutzgebitt Saueruecht ass en Naturbësch (réserve forestière intégrale) an der Gemeng Beefort. D'Reserv, déi ronn 72 ha grouss ass, gouf 2010 geschaf.[1]

Naturschutzgebitt
Saueruecht
Land Lëtzebuerg
Plaz Beefort
Fläch 74,53 ha
Nationalcode RF 04
Koordinaten 49°50'20"N, 6°19'1"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 16. Juli 2010

Den Numm krut d'Reserv vum Lieu-dit Saueruecht, deen d'Kärgebitt vun der Reserv ausmécht. D'Saueruecht läit an der Regioun Mëllerdall an domat och am geplangten Naturpark Mëllerdall.

D'offiziell Aweiung vun der Reserv war de 16. Juli 2010.[2]

Geographie änneren

Den Naturbësch Saueruecht läit am Nordoste vu Beefort, wou e sech vum Plateau erof bis bei d'Strooss (N10) laanscht d'Sauer zitt. De gréissten Deel vun der Reserv läit am rietsen Hank vum Dall vun der Ënnersauer. Am Norde grenzt se un den CR364, dee vun Déiljen erop op Beefort féiert. Am Süden zitt se sech net grad bis op de Grondhaff.

Duerch d'Reserv féiert en Trëppeltour, deen zum Deel iwwer den Tracé vun der fréierer Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort leeft.

Planzegesellschaften änneren

Den Naturbësch Saueruecht besteet aus dräi verschidde Planzegesellschaften, déi op der Plaz, ouni Interventioun vum Mënsch gewuess sinn.[3]

  • Um Plateau, mat relativ dréchenem Suebelbuedem, huet sech e Routbuchebësch mat dominantem Pärelgras (Melica uniflora, de: einblütiges Perlgras) installéiert, eng Planzegesellschaft déi Melico-Fagetum genannt gëtt.
  • An der zentraler Zon, am Hank, tëscht erofgerutschte Fielsbléck, wuesse Routbuchen zesumme mat Pionnéierplanzen, wéi Lannen an Ahornen (Tilio-Acerion, Schluchtwald, forêts de pentes, éboulis ou ravins).
  • Um ënneschten Deel vum Hank, mat naassem Buedem, fënnt ee Planzen déi un d'Nätzt ugepasst sinn.

Schutzzonen änneren

Den Naturbësch Saueruecht besteet aus zwou Schutzzonen:

 
Um selwechte Pad, méi erof am Hank.
  • der Zon A, enger integraler Bëschreserv (réserve forestière intégrale), mat 67,24 ha, déi am Besëtz vun der Gemeng Beefort sinn;
  • der Zon B, enger sougenannter zone de développement, mat 5,29 ha, déi a Privatbesëtz sinn; An dëser Zon ass d'Exploitatioun vum Bësch erlaabt, mat Ausnam vun de Parzellen, fir déi d'Besëtzer eng finanziell Hëllef vum Staat fir de Schutz vun der Biodiversitéit kréien.

Fotoen änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Naturschutzgebitt Saueruecht – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • [1] De Règlement grand-ducal vum 23. Februar 2010 op Legilux (mat enger Kaart vum Gebitt)
  • [2] den Naturbësch Saueruecht op www.emwelt.lu vun der lëtzebuergescher Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Règlement grand-ducal du 23 février 2010 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve forestière intégrale la zone forestière «Saueruecht» englobant des fonds sis sur le territoire de la commune de Beaufort. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.
  2. "Marco Schank inaugure la réserve forestière intégrale 'Saueruecht' à Beaufort." gouvemnement.lu, 16.07.2010.
  3. Cf d'Saueruecht op www.emwelt.lu