National Astronomical Observatory of Japan
Den National Astronomical Observatory of Japan (Japanesch: 国立天文台, kokuritsu temmondai‚ staatlechen Observatoire‘, kuerz NAOJ) ass eng astronomesch Fuerschungsinstitutioun a Japan. Si betreit en ettlech Observatoiren a Japan an een op Hawaii. D'Institutioun ass Joer 1988 aus der Fusioun vum Tokyo Astronomical Observatory vun der Universitéit Tokio, dem International Latitude Observatory of Mizusawa, an engem Deel vum Research Institute of Atmospherics vun der Universitéit Nagoya, ervirgaangen.
2004 bei der Reform vun der Struktur vun den nationale Fuerschungsariichtunge gouf den NAOJ en Deel vum National Institute of Natural Sciences.
Ariichtungen änneren
Mitaka-Campus änneren
(Mitaka, 35° 40′ 31″ N, 139° 32′ 17″ O )
- Zentral Verwaltungsplaz, Astronomy Data Center, Advanced Technology Center, Public Relations Center
- Solar-Flare-Teleskop, Sonneflecken-Teleskop, interferometresche Gravitatiounswellendetekter TAMA 300
- Tokyo Photoelectric Meridian Circle (en Teleskop mat enger Ëffnung vun 19 cm a 257,6 cm Brennwäit)
- historesch Instrumenter: e Sonnen-Tuermteleskop ("Einstein Tower"), e 65-cm-Refrakter an en 20-cm-Lënsenteleskop mat enger Brennwäit vun 310 cm mat der Bezeechnung "Gaultier Meridian Circle" (mam Duerchgangsinstrument vum Johann Adolf Repsold)
Nobeyama Radio Observatory & Nobeyama Solar Radio Observatory änneren
(Minamimaki, Prefektur Nagano, 35° 56′ 28″ N, 138° 28′ 13″ O )
- 45-m-Radioteleskop, Nobeyama Millimeter Array, Nobeyama Radio Heliograph
Mizusawa VERA Observatory änneren
(Ōshū, 39° 8′ 6″ N, 141° 8′ 0″ O )
- 20-m-Radioteleskop, 10-m-VLBI-Radioteleskop
- Dr.-Kimura-Museum
aner VERA-Radioteleskope:
- Chichi-jima, 27° 5′ 30″ N, 142° 13′ 0″ O
- Satsumasendai, 31° 44′ 52″ N, 130° 26′ 24″ O
- Ishigaki-jima, 24° 24′ 44″ N, 124° 10′ 16″ O
Okayama Astrophysical Observatory änneren
(Um Bierg Chikurinji, Prefektur Okayama, 34° 34′ 34″ N, 133° 35′ 39″ O )
- 188-cm-Teleskop, 91-cm-Teleskop, 65-cm-Coude-Typ Sonnenteleskop
Norikura Solar Observatory änneren
(Norikura, Hida-Bierg, 36° 7′ 1″ N, 137° 33′ 9″ O )
- 25-cm-Koronograf, 10-cm-Koronograf
Hawaii Observatory änneren
(Hawaii)
Projete mat Bedeelegung vum NAOJ änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: National Astronomical Observatory of Japan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Mitaka Campus
- Websäit