Subaru-Teleskop

Spigelteleskop

D'Subaru-Teleskop ass ee vum National Astronomical Observatory of Japan um Mauna-Kea-Observatoire (Hawaii) a 4.139 m Héicht bedriwene Spigelteleskop mat engem 8,2 m Haaptspigelduerchmiesser.

D'Subaru-Teleskop (lénks). Riets d'Kuppel vum Keck-Observatoire
Gebai vum Subaru-Teleskop

De Subaru Teleskop steet um verläschte Vulkan Mauna Kea, direkt nieft de béide Keck-Teleskopen an anere Groussteleskopen. Den Optrag fir de Bau koum vun der japanescher Regierung an e gouf den 28. Januar 1999 ageweit.

D'Teleskop ass fir Observatiounen am siichtbare Liicht an am Infraroutberäich ageriicht. Déi technesch Ariichtunge fir d'Ënnerstëtzung sinn an enger Basisstatioun zu Hilo.

Subaru ass déi japanesch Bezeechnung fir de Stärekoup vun de Plejaden.

Um Spaweck änneren

Commons: Subaru-Teleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien