Nécropole nationale «Le Luxembourg» - « Le moulin de Cauroy »

fréieren Zaldotekierfecht


D'Nécropole nationale «Le Luxembourg» - « Le moulin de Cauroy » war e klengen Zaldotekierfecht an der franséischer Uertschaft Hermonville an der Marne eng ronn 6 Kilometer nordwestlech vu Reims. De Kierfecht hat eng Fläch vu knapps 2,5 Ar.

Nécropole nationale «Le Luxembourg» - « Le moulin de Cauroy »
Land Frankräich
Gemeng Hermonville
Fläch 2,5 Ar
Ugeluecht 1914
Zougemaach 2007
Koordinaten 49° 20’ 42.9’’ N
      03° 56’ 58.8’’ O

Um Kierfecht louchen 12 franséisch Zaldoten, dovun 8 onbekannter, all vum 119. Infanterieregiment, déi am Éischte Weltkrich bei de Kämpf ëm d'Ferme du Luxembourg gefall waren. De Kierfecht war 1914 ugeluecht ginn an 1922 gouf en nei amenagéiert. E louch laanscht D'Nationale 44, haut Departementale 944, nëmmen e puer honnert Meter vum Bauerenhaff ewech.

2007 goufen déi Gefalen op den Zaldotekierfecht vu Cormicy iwwerfouert. Vum ale Kierfecht ass bis op eng Mauer laanscht d'Strooss haut näischt méi ze gesinn.

Zu Hermonville gëtt et nach en Zaldotekierfecht den Hermonville Military Cemetery, op deem brittesch Zaldote leien.

Um Spaweck änneren