Murmansk

Hafestad am Nordweste vu Russland
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Murmansk (op Russesch: Мурманск, op Kildinsamesch: Мурман ланнҍ, op Skoltsamesch: Muurman) ass eng Universitéitsstad am Oblast Murmansk am Nordwestrussesche Federatiounskrees a Russland. Se läit eng 1.490 km nërdlech vu Moskau an eng 1.020 km nërdlech vu Sankt Péitersbuerg, um Uwänner vun der Bucht vu Kola.

Murmansk
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrussland
Status Oblast
Regioun Murmansk
Gegrënnt 1916
Awunner 267.422 (1. Januar 2023)
Fläch 155
Koordinaten 68°58'0"N, 33°5'0"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 8152
Postcode 183000
Websäit http://www.citymurmansk.ru/

S'ass d'Haaptstad vun hirer Regioun an ass mat iwwer 300.000 Awunner (Stand 2016) déi gréisst Stad um nërdleche Polarkrees.[1]

Geschicht änneren

Murmansk gouf offiziell de 4. Oktober 1916 als Romanowsk um Murman (Романовск-на-Мурмане) gegrënnt. Den 3. Abrëll 1917 gouf d'Stad op Murmansk ëmbenannt.[2]

Am Zweete Weltkrich, vum Summer 1941 un, wollt d'Wehrmacht deels zesumme mat finneschen Truppen d'Stad erueweren, fir d'Sowjetunioun vun der Verbindung mat der Barentsséi an domat vun den Nordmiergeläitzich ofzeschneiden. Géint déi daper Verdeedegung, den Terrain an déi haart klimatesch Bedingunge konnte se sech awer mat hiren am grousse Ganzen ze schwaache Kräften net duerchsetzen. Murmansk hat nawell massiv ënner dem däitsche Bombardement ze leiden – nëmme Stalingrad gouf nach méi staark vun der däitscher Loftwaff bombardéiert.

Fotosalbum vun der Stad änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Murmansk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://gorodavrossii.ru/interesnye-stati-o-gorodakh-rossii/11-goroda-rossii-za-polyarnym-krugom
  2. http://www.calend.ru/travel/619/