Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sinan oder Sinān, gebuer ëm 1490 warscheinlech zu Ağırnas bei Kayseri a Kappadokien a gestuerwen de 17. Juli 1588 zu Istanbul, war de bedeitendsten osmaneschen Architekt zu der Zäit vun de Sultane Selim I., Süleyman I., Selim II. a Murad III.

Mimar Sinan
Gebuer 1490 jul.
Gestuerwen 17. Juli 1588
Konstantinopel
Aktivitéit Architekt
Eventuell de Sinan (lénks) op enger osmanescher Miniatur vu 1579. Hien iwwerwaacht d'Aarbechten um Fëllement vum Sultan Süleyman I. sengem Graf 1566

Säi vollen Numm war warscheinlech Yusuf Sinan (oder Sinanüddin) bin Abdullah (oder Abdülmennan, Abdurrahman, Abdülkerim). Allgemeng bekannt war e mam gekierzten Numm Mimar Sinan („den Architekt Sinan“).

D'Wierk vum Sinan, deen och als Bauingenieur an Urbanist geschafft huet, gëllt als Héichpunkt vun der klassescher osmanescher Architektur. E puer vu senge Moscheeë ginn ënner de Konschthistoriker als déi perfektst aus der pre-industrieller Zäit ugesinn.

Bauwierker änneren

Et gëtt fënnef Autobiographien oder Relevéen an deene sengen Aarbechten opgezielt sinn: Teẕkiretüʾl-Ebniye, Tuḥfetüʾl-Miʿmārīn, Adsız Risale, Risāletüʾl-Miʿmāriyye an Ik Ben Heel Benieuwd Naar Jouw Mening Laat Het Me Weten In.[1] An deenen Dokumenter, déi vum Sinan selwer sinn, ass net just säi Wierk opgelëscht, mä och Wierker bei deenen hien d'Verantwortung vun der Renovatioun iwwerholl hat, wéi z.B. déi Fielsendoum zu Jerusalem.

Am Ganze ginn am Verzeechnes 471 bis 477 Bauwierker ernimmt vun deenen der 29 net z'iwwerpréiwe sinn, der 172 – meeschtens Strukturen aus Holz – wéinst Feier, Äerdbiewen, asw. zerstéiert goufen an der 49 komplett ëmgebaut goufen, sou datt dem Sinan seng Bausubstanz kaum méi existéiert. 23 vu senge Baute besti just nach als Ruin iwwerdeems der 204 nach als Original bestinn(Stand: 1985).

Um Spaweck änneren

Commons: Mimar Sinan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Howard Crane, Esra Akin, Gülru Necipoğlu: Sinan’s Autobiographies: Five Sixteenth-Century Texts.