Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Osmanescht Räich (och Ottomanescht oder Tierkescht Räich; tierkesch: Osmanlı İmparatorluğu, amtlech osmanesch Bezeechnung 1907 Memalik-i Osmaniye) ass den Numm fir d'Räich vun der Dynastie vun den Osmanen vun zirka 1299 bis 1923. An Europa gouf d'Land och deemools als "Tierkei" respektiv "Tierkescht Räich" ernimmt. Iwwer Joerhonnerte war d'Osmanescht Räich déi wichtegst Muecht a Klengasien, am Noen Osten, um Balkan, an Nordafrika an op Krim. Am Laf vum 18. a virun allem 19. Joerhonnert gouf d'Räich an Ausernanersetzunge mat en europäesche Muechten a Klengasien zeréckgedréckt, an huet an der Tierkei säin Nofollgerstaat fonnt. D'Osmane ware sunittesch Moslemen an hunn no der Hanefitescher Rechtsschoul gelieft.

D'Osmanescht Räich tëscht 1481 a 1683.

Literatur zum Theema änneren

  • William L. Cleveland, "The Ottoman and Safavid Empires: A New Imperial Synthesis" in A History of the Modern Middle East. Westview Press, 2004. (ISBN 0-8133-4048-9)
  • Sir Edward Shepherd Creasy, History of the Ottoman Turks: From the beginning of their empire to the present time. R. Bentley and Son, 1877.
  • Caroline Finkel, Osman's Dream: The Story of the Ottoman Empire, 1300–1923, John Murray, 2005. (ISBN 0-7195-5513-2)
  • Barbara Jelavich, History of the Balkans: Eighteenth and Nineteenth Centuries, Cambridge University Press, 1983. (ISBN 0-521-25249-0)
  • Albert Howe Lybyer, The Government of the Ottoman Empire in the Time of Suleiman the Magnificent, AMS Press, 1978. (ISBN 0-404-14681-3)
  • Suraiya Faroqhi, Geschichte des Osmanischen Reiches, C. H. Beck, München, 2003. (ISBN 3-406-46021-6)
  • Klaus Kreiser, Der osmanische Staat 1300-1922, Oldenbourg, München, 2001. (ISBN 3-486-53711-3)

Um Spaweck änneren

Commons: Osmanescht Räich – Biller, Videoen oder Audiodateien