De Michel, genannt Mike, Richartz, gebuer den 31. Dezember 1970 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen Historiker (spezialiséiert an der mëttelalterlecher Geschicht vum Herzogtum Limburg a vun der Grofschaft Lëtzebuerg), Sportler, Museker a politischen Aktivist. Hien ass Geschichtsprofesser am Stater Kolléisch an op d'Universitéit Lëtzebuerg detachéiert.

Mike Richartz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck

Formatioun a Beruf änneren

De Mike Richartz huet vun 1995 bis 1999 op der Universitéit Léck mëttelalterlech Geschicht (2e licence) a vun 1999 bis 2001 Reliounsgeschicht (D.E.S., Diplôme d'études spécialisées) studéiert. Do dernieft huet hien och d'Agrégation d'Enseigenement Secondaire et Supérieur (A.E.S.S.) zu Léck gemaach. Hien huet berufsbegleedend, och op der Universitéit Léck, bei de Professeren Jean-Louis Kupper a Florence Close mam Dissertatiounsthema Devenir et rester Prince d'Empire. Rang et pouvoir des ducs de Limbourg aux XIIe et début du XIIe siècles promovéiert[1].

No séngem Stage am LHCE an LTML ass de Mike Richartz als Geschichtsprofesser an den LTMA op Péiténg genannt ginn, wou hien tëscht 2006 an 2008 Chargé de Direction vum Enseignement modulaire war. Tëscht 2008 an 2012 war hien Geschichtsprofesser am LCE zu Iechternach. Vun 2012 bis 2019 war hien dunn Directeur adjoint vun der École de la 2e Chance / École nationale pour adultes, ier hien erëm zréck an de Schouldéngscht gaangen ass. Hien ass als Professer am Stater Kolléisch nominéiert an zënter 2021 ganz op d'Universitéit Lëtzebuerg détachéiert, wou hien, zum engen, Coursen an der Geschichtsdidaktik fir déi zukünfteg Enseignanten gëtt an zur Geschichtsdidkatik fuerscht a publizéiert, an, zum aneren, zu der Geschicht vu Lëtzebuerg, Arel a Limburg am Mëttelalter fuerscht[2].

Politesch Aktivitéit änneren

De Mike Richartz ass 1989 Member vun der Grénger Alternative Partei (GAP) ginn. 1993 war hien, zesumme mam François Bausch, Vertrieder fir d'GAP an der Delegatioun fir d'Vereenegung vun dernen zwou grénge Parteie GLEI a GAP ze verhandelen. Hien ass Grënnungsmember vun Déi Gréng a vun Déi Gréng Norden. Doriwwer eraus huet hien 1995 d'Initiativ geholl fir Déi Jonk Gréng ze grënnen, deenen hiren éischte Spriecher hien och bis 1999 war.[Source?]

Aktuell engagéiert de Mike Richartz sech als antifaschistischen Aktivist. An deem Kontext ass hien 2019 vum spéideren ADR-Deputéierte Fred Keup wéinst "Injures et Diffamation" verkloot ginn. Déi Klo ass vum Parquet als géigestandslos, ouni Suite klasséiert ginn[3].

Am September 2023 huet hien op d'Verbindungen tëschent der ADR an der rechtsextremistischer, kathoulesch-integristischer, franséischer Vereenigung "Civitas" higewisen an antisemitisch Aussoe vun der Vize-Präsidentin vun ADR-International opgedeckt.[4]

Sportlech Aktivitéit änneren

De Mike Richartz ass zënter 1998 am Nationaldivisiounskader vun de lëtzebuerger Basketsarbiteren. Hien huet, nieft verschiddene Championnatsfinalle bei den Hären an den Dammen och d'Coupefinal 2010 bei den Hären tëscht der Etzella Ettelbréck an de Musel Pikes geleet.[Source?]

Musikalesch Aktivitéit änneren

De Mike Richartz ass Batteur vun de Formatioune Backyard an d'JEMMS, fir déi hien och Textdichter a, mat senge Bandkollegen, Songwriter ass.

Publikatiounen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen änneren

  1. Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikTeam Mike Richartz. History. Gekuckt de(n) 2023-12-13.Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik
  2. Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikTeam Mike Richartz. History. Gekuckt de(n) 2023-12-13.Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik
  3. Mike Richartz op facebook.com
  4. Fanny Kinsch: "No Civitas-Kontrovers: ADR-Member trëtt no Reprochë vun Antisemitismus aus Partei aus." rtl.lu, 19.09.2023.