D'Mesosideritte gehéieren zu der Grupp vun de Steen-Eisemeteoritten. Si bestinn aus enger chaotescher Struktur aus Néckel-Eisen a brekziéierte Silikater, déi sech hirersäits aus Pyroxen, Plagioklas an Olivin zesummesetzen.

De Portales Valley Meteorit

D'Existenz vu Brekzië léisst op e gréisseren Impakt schléissen. Méiglecherweis sinn d'Mesosideritte beim Zesummestouss vun zwéi groussen differenzéierten Asteroiden entstanen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie