Een Impakt (Aschlag, Opprall, vu lat. impactus = ageschloen) oder Aschlag ass d'Optreffe vun engem Himmelskierper (Impakter) op der Uewerfläch vun engem méi grousse Kierper. Sou si beispillsweis Klengkierper (Meteoroiden, Asteroiden a Koméiten) op der Äerd ageschloen. Um dem Festland formt sech en Aschlagkrater (Impaktkrater). D'Gestengsreschter vum ageschloene Klengkierper sinn d'Meteoritten.

Kënschtleresch Duerstellung vum Aschlag vun engem 500 km groussen Asteroid op eiser Äerd am Prekambrium

Auswierkung op d'Äerdgeschicht änneren

Déi ronn 4,6 Milliarde Joer al Äerdgeschicht ass wiesentlech duerch Awierkung vu Meteorittenaschléi geformt.[1] D'Genesis vun eisem Planéit, wéi mer en haut kennen, ass ouni déi fortwärend Kollisioune mat Asteroide vun alle Gréissten net denkbar, well dës Evenementer hunn net nëmme méiglecherweis fir Waasser a Form vun den Ozeane gesuergt, mä hu bis viru ronn 3,9 Milliarde Joer – duerch déi „Late Heavy Bombardement“ genannt Phas – och d'Bildung vun enger stabiler Äerdkuuscht verhënnert

E Groussdeel vun der Matière vun eisem Sonnesystem ass schonn an dä Zäit duerch d'Gravitatiounskraaft vun der Äerd oder aneren Himmelskierper agefange ginn. All Joer falen nach ronn 20.000 Meteoritten op d'Äerd, meeschtens ouni an der Landschaft däitlech Spueren ze hannerloossen. Déi vun de grousse Meteoritten ausgeléist Naturkatastrophe vun der Vergaangenheet loosse sech dacks nëmmen nach indirekt, zum Beispill duerch eent vun hinnen ausgeléist Massenausstierwen oder e globale Klimawandel noweisen.[2]

Geféierlechkeet vun Aschléi änneren

 
Krater "Gosses Bluff" an Australien. Satellittefoto

Global geféierlech sinn Objete mat engem Duerchmiesser vu méi wéi 500 m. Wëssenschaftler an New Mexico (USA) hu méi wéi 1.100 Asteroide mat engem Duerchmiesser vu méi wéi 1 km gezielt, déi op enger Ëmlafbunn sinn, déi si der Äerd geféierlech no brénge kéint. Aschléi vu Kierper mat sou engem Duerchmiesser géife verheerend Follgen hunn: Millioune vu Mënsche kéinten Affer vu Flutkatastrophen a globale Klimaverännerungen („Impaktwanter“, vergläichbar mat engem nukleare Wanter) ginn.[3] D'Warscheinlechkeet, datt sou ee Meteorit am Mier aschléit, wier relativ grouss, well 71 % vun der Äerduewerfläch si vu Waasser bedeckt. D'Folleg wier e Mega-Tsunami, dee ganz Küstelandschaften iwwerschwemme géif.[4] En Impakt kënnt och Afloss op d'Ionosphär an d'Magnéitosphär vum Planéit hunn.[5]

Reng statistesch gesi muss ee mat sou engem Aschlag all 500.000 bis 10 Millioune Joer rechnen.[6] Evenementer wéi deen op der Grenz tëscht Kräidzäit a Paleogen (Tertiär), de sougenannte KT-Impakt sollen all 100 Millioune Joer virkommen. Vergläichswäis méi kleng Aschléi geschéie méi dacks. Sou hat z. B. en Aschlag am Nördlinger Ries, begleet vun engem zweeten Aschlag am Steinheimer Becken, viru 15 Millioune Joer wäit Deeler vun Europa verwüst.

Awer och nach kleng Meteoritte kënne lokal oder regional immense Schued uriichten. Sou sollen no historesche Berichter am Joer 1490 a China bei engem Meteorittenaschlag méi wéi 10.000 Mënschen ëmkomm sinn.[7] Och d'Tunguska-Evenement, bei deem 1908 eng Fläch vu ronn 2.000 km² a Sibirien verwüst gouf, war vläicht e Meteorit, deen an der Atmosphär explodéiert war. Et gëtt ugeholl, datt déi nordamerikanesch Clovis-Kultur duerch d'Explosioun vun engem Himmelskierper ënnergoung.[8]

Spuere vu fréieren Aschléi op der Äerd änneren

All kleng Kierper, déi um Mound, um Mars oder op aneren Himmelskierper (ouni Atmosphär) aschloen, hannerloosse siichtbar Spueren a Form vu Krateren. Wéinst der Reiwung mat Deelercher vun der Äerdatmosphär verglousen dës, ier se d'Äerduewerfläch erreeche kënnen. Méi grouss Kierper dogéint kënnen op d'Uewerfläch opschloen.

Kratere vu grousse Meteoritte ginn am Verlaf vu wéinege Joerzéngte bis Joerhonnerten duerch Planzebewuesss onkenntlech gemaach an duerch atmosphäresch bedéngte Verwitterung a Joerdausenden (geologesch eng kuerz Zäit) bis zur Onkenntlechkeet verformt. Am Verlaf vu ville Joermillioune bis -milliarden duerno bewierken tektonesch Prozesser eng Erneierung vu bal der ganzer Äerduewerfläch. Och terrassenaarteg Ofsenkungen, wéi si bei verschiddenen Ofbrochbecken optrieden, kënnen Impaktspuere verwëschen.

Nëmmen d'Aschlagkrater vun de gréissten und domat follgeschwéieren Aschléi vun de leschte Joermillioune sinn haut nach am Landschaftsbild ze gesinn. Als Fauschtreegel fir d'Verhältnes vum Duerchmiesser vun engem Aschlagkierper zum Duerchmiesser vum resultéierende Krater gëllt 1:20 fir Steemeteoriten an 1:40 fir Eisemeteoritten (fir grouss bekannt Aschlagkratere kuckt den Artikel iwwer Aschlagkrater).

Kuckt och: Lëscht vun Aschlagkrateren op der Äerd

Méiglech Ofwiermethoden änneren

D'US-Raumfaartagentur NASA huet am Summer 2007 verlaude gelooss, datt ee mat enger spezieller Raumsond Asteroiden aus hirer Bunn dirigéiere kéint. Déi Sond hätt e grousst Sonneseegel, dat Sonnestralung op e klenge Beräich vum Asteroid konzentréiere géif. D'Hëtzt déi doduerch entsteet géif d'Matière vum Asteroid verdämpen an e Réckstouss bewierken, deen den Asteroid vu senger Bunn ofleede géif. D'NASA schätzt, datt dës Method fir Asteroide bis 500 m Duerchmiesser gëeegent ass.

D'ESA schafft un engem Ofwierprojet genannt "Don Quijote". Déi zwou Sonden "Sancho" an "Hidalgo" kéinte bei den Asteroid fléien, deen den "Hidalgo" als véier Tonne schwéieren Impakter ramme géif, wärend "Sancho" am Orbit vum Asteroid Daten iwwer seng Vitess, Zesummesetzung an Erfolleg vum "Hidalgo" sammelt. Och wa véier Tonnen am Verglach zu engem Asteroid wéineg erschéngen, kënne scho wéineg Bousekonnen duergoen, fir den Asteroid vu sengem Kollisiounskurs ofzebréngen. No Donnéeë vun der ESA ass déi Method fir Objete bis 1 km Duerchmiesser wierkungsvoll an d'Missioun géif gestart ginn, wann d'Aschlagswarscheinlechkeet vun engem Asteroid wéi den (99942) Apophis iwwer 1 % eropgeet.

Am Januar 2012 gouf den internationale Fuerschungsprojet „NEOShield“ gegrënnt, dat sech och mat Méiglechkeete zu der planetarer Verdeedegung auseneesetzt.

D'Explosioun vun engem Nuklearsprengkierper op der Uewerfläch vun engem Asteroid gouf an der Tëschenzäit als net effektiv verworf, well sou eng Bomm net staark genuch wier, fir iwwerhaapt eng miessbar Wierkung ze kréien. Anerersäits géifen am Fall vun enger erfollegräicher Sprengung vill kleng (awer ëmmer nach grouss) Kierper entstoen, vun deenen der e puer op oder no bei der ursprénglecher Bunn weiderfléien a sou der Äerd weider geféierlech kéinte ginn. Dogéint gëtt d'Explosioun vun engem Sprengkierper op enger Distanz säitlech vum Asteroid als praktikabel ugesinn.

Bei Nuklearexplosiounen am Vakuum géif et kee Feierball, awer déi fräigesat Stralung géif Matière op der Uewerfläch vum Kierper verdämpem. Dat mécht een Impuls, deen d'Bunn verännert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Christian Koeberl: Katastrophen aus dem All - Impaktereignisse in der Erdgeschichte. in: Thomas Myrach, et al.: Science & Fiction - Imagination und Realität des Weltraums. Haupt Verlag, Bern 2009, ISBN 978-3-258-07560-0, S.91 - 132.
  • Vitaly Adushkin: Catastrophic events caused by cosmic objects. Springer, Dordrecht 2007, ISBN 978-1-4020-6451-7
  • Charles Cockell: Biological processes associated with impact events. Springer, Berlin 2006, ISBN 3-540-25735-7
  • Christian Köberl: Impact tectonics. Springer, Berlin 2005, ISBN 3-540-24181-7
  • Peter T. Bobrowsky, Hans Rickman: Comet/Asteroid Impacts and Human Society - An Interdisciplinary Approach. Berlin 2007, ISBN 978-3-540-32709-7
  • Bevan M. French: Traces of Catastrophe - A Handbook of Shock-Metamorphic Effects in Terrestrial Meteorite Impact Structures. Lunar and Planetary Inst., Houston 1998, online (PDF,20 MB, abgerufen 1. Mai 2009)

Um Spaweck änneren

Commons: Impakt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. W. F. Bottke,et al.: The Asteroid and Comet Impact Flux in the Terrestrial Planet Region: A Brief History of the Last 4.6 Gy. pdf, lpi.usra.edu, abgerufen am 19. Juli 2011
  2. Thomas J. Crowley, et al.: Abrupt Climate Change and Extinction Events in Earth History. in: Science, Vol. 240. no. 4855, 20. Mai 1988, S. 996 - 1002
  3. John S. Lewis: Comet and Asteroid Impact Hazards on a Populated Earth: Computer Modeling., Academic Press, San Diego 2000, ISBN 0-124-46760-1, @google books
  4. J.G. Hills, et al.: Down-to-Earth Astronomy: Tsunami from Asteroid-Comet Impacts., Bulletin of the American Astronomical Society, Vol. 29, S.1260, 12/1997, abstract@nasa ads, ofgeruff den 20. Juli 2011
  5. I. V. Nemchinov,et al.: Ionospheric and magnetospheric disturbances caused by impacts of asteroids and comets., American Geophysical Union, 2005 abstract@nasa ads, abgerufen am 19. Juli 2011
  6. Clark R. Chapman:Impacts on the Earth by asteroids and comets - assessing the hazard. Nature 367, 33 - 40 (06 January 1994); doi:10.1038/367033a0, abstract
  7. David Jewitt: Astronomy: Eyes wide shut, in: Nature. 403, London, 13. Januar 2000, S.145 - 148.
  8. Rex Dalton: Blast in the past? in: Nature. London 447.2007, Nr. 7142 (17. Mai 2007), S.256-257.