Marshallinselen
D'Republik vun de Marshallinselen ass en Inselstaat am westleche Pazifeschen Ozean. De Staat begräift d'Inselgrupp mat dem selwechten Numm, déi zu Mikronesien gehéiert.
'Aolepān Aorōkin M̧ajeļ (marshallesesch) Republic of the Marshall Islands (englesch) Republik vun de Marshallinselen' | |||||||
| |||||||
Offiziell Sprooch: | Englesch a Marshallesesch | ||||||
Haaptstad: | Majuro | ||||||
• Awunner: | 25.400 | ||||||
Staatsform: | Republik | ||||||
• Presidentin: | Hilda Heine | ||||||
Fläch: | 181,3 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 42.418 | ||||||
• Bevëlkerungsdicht: | 233/km² | ||||||
Onofhängegkeet: | 21. Oktober 1986 | ||||||
Nationalhymn: | Forever Marshall Islands | ||||||
Zäitzon: | UTC +12h | ||||||
Internet TLD: | .mh | ||||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+ 692 | ||||||
Geographie änneren
D'Marshallinsele bestinn aus zwou bal paralleel ausgeriichten Insel- beziehungsweis Atollketten: d'Ratak-Ketten am Oste wéi d'Ralik-Ketten am Westen, déi aus enger vill Atollen an e puer isoléierten Insele bestinn.
De Klima ass fiicht a waarm mat enger Reendauer vu Mee bis November. D'Insele si geleeëntlech engem Taifun ausgesat.
Zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung liewen op den Insele vum Majuro-Atoll an op Ebeye. Déi aner Insele si wéinst dem Manktem u Beschäftegungs- an Entwécklungsméiglechkeeten nëmmen dënn besidelt oder net bewunnt.
Haaptstad ass d'Gemeng Majuro am Südosten um Atoll mat dem selwechten Numm.
Bevëlkerung änneren
90 Prozent vun der Bevëlkerung gehéieren zur Onofhängeger Protestantescher Kierch vun de Marshallinselen, 8,5 Prozent si réimesch-kathoulesch. Op den Insele liewen 221 neiapostolesch Chrëschten.[1] Offiziell Sprooche sinn Englesch a Marshallesesch.
Referenzen änneren
- ↑ Unsere Familie - Kalender 2005, Seite 83
Um Spaweck änneren
Commons: Marshall Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |