Als Weltraumgare am Westen oder Kosmodrom a Russland oder China, bezeechent een eng Rakéitestartplaz, op där Drorakéite fir orbital an interplanetar Weltraummissiounen starte kënnen. Dobäi kann et sech ëm onbemannt Satellitten- oder Raumsondestarten oder bemannt Raumflich handelen. Déi meescht Weltraumgaren hunn och Startanlage fir Héichtefuerschungsrakéiten an/oder fir militäresch Rakéite fir Versuchszwecker.

Weltraumgare ginn am Ament vun eenzele Weltraumnatiounen, Staatenorganisatiounen (wéi d'ESA) oder privaten Entreprisen (Sea Launch) ënnerhalen.

Urspronk vum Begrëff änneren

Déi éischt Weltraumgare stoungen an Zesummenaarbecht mat Eisebunnsbetriber, déi fir den Transport vun de schwéiere Rakéitestufen an den Notzlaaschte gebraucht goufen. Jore méi spéit goufen och déi éischt Satellitten, z. B. vum Sea Launch, vum Waasser aus an den Orbit bruecht. A weider Joren duerno goufen och d'Konzept vum Fluchhafen fir déi éischt Weltraumhäfen – am Ament fir suborbital Raumflich – gebraucht (kuckt och Spaceport America).[1][2]

Standplazbedéngungen änneren

D'Krittäre fir d'Standplaz vun enger Weltraumgare si villfälteg. Hie sollt, wa méiglech, no um Equator leien: Duerch d'Äerdrotatioun huet d'Rakéit do schonn déi op der Äerduewerfläch maximal Grondvitess a muss manner aktivéieren, fir op déi gebraucht Vitess ze kommen, fir den Orbit z'erreechen. Nëmme fir Starten op polar Orbitte si polno Standplaze méi gënschteg (zum Beispill Plessezk).

Eng Rakéitegare soll soll wäit vun dicht bewunntem Gebitt leien an an ëstlecher Richtung en Ozean oder een dënn besidelt Gebitt hunn, well bal all Rakéitestarten erfollege mat der Äerdrotatioun (aus uewe genanntem Grond) an ëstlecher Richtung. Wann et zu engem Feelstart kënnt, kéinte soss Mënschen duerch Stécker déi eroffalen an Dreifstoffer a Gefor geroden. Zudeem ass d'Standplaz op déi politesch Aflosssphär vum Staat oder der Staatenorganisatioun beschränkt.

D'Weltraumgare sollt op enger geologesch stabiller Plaz gebaut ginn, wou meeschtens gutt Wieder ass, well Rakéitestarte bei Reen oder Stuerm meeschtens ofgesot musse ginn. Schliisslech soll och genuch Plaz do sinn, fir eventuell d'Gare ausbauen ze kënnen.

Déi ideal Plaz fir eng Weltraumgare existéiert awer net, a beim Eraussiche musse Kompromisser agaange ginn.

Beispill: Russesch Kosmodromer änneren

Besonnesch déi russesch Kosmodromer sinn duerch hir wäit nërdlech Lag benodeelegt, well fir d'orbital Manövere fir op d'Zilëmlafbunn ze kommen, méi Dreifstoff gebraucht gëtt.

Beispill: Kourou änneren

Déi europäesch Weltraumgare Centre Spatial Guyanais zu Kourou huet vun änlechen Ariichtunge weltwäit déi gënschtegst Lag. Se läit am franséischen Iwwerséi-Departement Franséisch-Guayana am Norde vu Südamerika (politesch stabil) a läit dicht um Equator (gënschteg Starteegenschaften, maximale Vitessbonus duerch d'Äerdrotatioun). D'Regioun ass dënn bewunnt a grenzt am Nordosten un den Atlantik (wéineg Gefor fir d'Mënschen). Well d'Weltraumgare direkt un e grousst Bëschgebitt grenzt, ass en Ausbau problemlos méiglech. Zwar huet Kourou e subtropescht Klima, et gëtt awer vun de meeschten Atlantikstierm verschount. Material a Gidder loosse sech wéinst der Küstelag einfach a séier transportéieren. Se läit allerdéngs ganz wäit vun de Bedreiwerstaate Frankräich, an ESA ewech.

Lëscht vun de Weltraumgaren änneren

Numm Standplaz Bedreiwer Koordinaten
  Brasilien
Centro de Lançamento de Alcântara (CLA) Alcântara, Maranhão Brasilien 2° 22′ S, 44° 24′ W7
  China
Jiǔquán Weìxīng Fāshè Zhōngxīn Jiuquan, Gansu China (VR China) 40° 57′ N, 100° 18′ O7
Xīchāng Weìxīng Fāshè Zhōngxīn Xichang, Sichuan VR China 28° 12′ N, 102° 4′ O7
Tàiyuán Wèixīng Fāshè Zhōngxīn Taiyuan, Shanxi VR China 38° 51′ N, 111° 36′ O7
Wénchāng Wèixīng Fāshè Zhōngxīn (geplangt) Wenchang, Hainan VR China 19° 37′ N, 110° 45′ O7
  Franséisch-Guayana
Centre Spatial Guyanais (CSG) Kourou Europäesch Weltraumorganisatioun (ESA) 5° 13′ N, 52° 45′ W7
  Indien
Satish Dhawan Space Centre (SHAR) Andhra Pradesh Indesch Raumfaartagentur (ISRO) 13° 43′ N, 80° 14′ O7
  Iran
Semnan bei Semnan Iranesch Weltraumagentur 35° 16′ N, 53° 57′ O7
  Israel
Palmachim Palmachim, no bei Tel Aviv Israeelesch Arméi an
Israeelesch Raumfaartorganisatioun (ISA)
31° 53′ N, 34° 41′ O7
  Japan
Tanegashima Uchū Sentā Tanegashima Japanesch Raumfaartagentur (JAXA) 30° 23′ N, 130° 57′ O7
Uchinoura Uchū Kūkan Kansokusho Uchinoura, Prefektur Kagoshima Institute of Space and
Astronautical Science
(ISAS)
31° 15′ N, 131° 5′ O7
  Kasachstan
Baikonur Baikonur Russland 45° 55′ N, 63° 18′ O7
  Kenia
San-Marco-Plattform
San Marco Equatorial Range (SMER)
no bei Malindi, virun der Küst vum Kenia Italien 2° 56′ S, 40° 13′ O7
  Marshallinselen
Omelek Kwajalein-Atoll SpaceX 9° 3′ N, 167° 45′ O7
  Russland
Dombarowski Jasny, Oblast Orenburg International Space Company (ISC) „Kosmotras“[3] 51° 2′ N, 59° 52′ O7
Kapustin Jar Oblast Astrachan,
no bei Wolgograd
Südrussland 48° 35′ N, 45° 45′ O7
Plessezk nërdlech vu Mirny, Oblast Archangelsk Russland 62° 56′ N, 40° 27′ O7
Swobodny Swobodny, Oblast Amur Russland 51° 44′ N, 128° 5′ O7
Wostotschny Ziolkowski, Oblast Amur Russland 51° 49′ N, 128° 15′ O7
  Schweden
Esrange bei Kiruna ESA a schweedesch Regierung 67° 54′ N, 21° 6′ O7
bei Kiruna bei Kiruna Konsortium vun der "Swedish Space Corporation" a weider privat Entreprisen
  USA
Cape Canaveral Air Force Station (CCAFS) Cape Canaveral, Florida US Air Force (USAF) 28° 29′ N, 80° 35′ W7
Kennedy Space Center (KSC) Merritt Island, Florida NASA 28° 35′ N, 80° 39′ W7
Kodiak Launch Complex (KLC) Kodiak-Insel, Alaska Alaska Aerospace Development Corporation 57° 26′ N, 152° 20′ W7
Mojave Loft- a Raumfaartgare Mojave, Kalifornien "The Spaceship Company" (TSC)[4] 35° 4′ N, 118° 9′ W7
Sea-Launch-Plattform no bei Hawaii Sea Launch 0° 0′ N, 154° 0′ W7
Spaceport America no bei Upham, New Mexico New Mexico Spaceport Authority (NMSA) 32° 56′ N, 106° 56′ W7
Vandenberg Air Force Base (VAFB) tëscht Los Angeles an
San Francisco, Kalifornien
USAF 34° 44′ N, 120° 35′ W7
Wallops Flight Facility (WFF) Wallops Island, Virginia NASA 37° 50′ N, 75° 29′ W7

Weltraumgaren déi net méi a Betrib sinn änneren

Numm Standplaz fréiere Bedreiwer Koordinaten
  Algerien
Hammaguir Hammaguir Centre interarmées d'essais d'engins spéciaux 30° 52′ N, 3° 0′ W7
  Australien
Woomera Prohibited Area (WPA)

(nëmmen nach Startplaz fir Héichtefuerschungsrakéiten)

Woomera, South Australia 31° 12′ S, 136° 50′ O7

Startplazen nëmme fir ballistesch Rakéiten (Héichtefuerschungsrakéiten oder militäresch Rakéiten), kuckt Rakéitestartplaz.

Kaart vun de Weltraumgaren änneren

 Kennedy Space CenterCape Canaveral Air Force StationSea LaunchVandenberg Air Force BaseKodiak Launch CenterWallops Flight FacilityAlacantaraKorouSan-Marco-PlattformPalmachimKapustin JarBaikonurPlessezkSwobodnyJiuquanTaiyuanUchinoura Space CenterTanegashima Space CenterXichangSatish Dhawan Space Centre
Weltraumgaren weltwäit (eenzel uklicken)

Literatur änneren

  • Ralf Butscher: Großer Bahnhof am Äquator. In: Bild der Wissenschaft, Heft 1/2005, S. 88−93 (2005), ISSN 0006-2375

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  • (en) Index – Iwwersiicht zu de Rakéitestartplazen op der Welt bei der Encyclopedia Astronautica

Referenzen änneren

  1. New Mexico mit hohen Zielen – Artikel bei Raumfahrt24.de, vom 13. Juni 2006
  2. Erster europäischer Raumhafen – Artikel bei wasistwas.de, vom 18. April 2007
  3. ISC Kosmotras (englesch) – offiziell Websäit
  4. The Spaceship Company (englesch) – offiziell Websäit