D'Markarian-Galaxie (engl. Markarian galaxies) ass eng Galaxie mat engem ongewéinlech bloe Faarfindex, deen net zum morphologeschen Typ passt. Am enke Sënn sinn d'Markarian Galaxië vum Benjamin Markarjan a senge Mataarbechter am Byurakan-Observatoire katalogiséiert ginn. Am weidere Sënne ginn all Galaxië mat engem markanten UV-Exzess zu de Markarian Galaxië gezielt.

Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop, vun der wiesselwierkender Galaxie Markarian 273, Quell:NASA

Morphologien änneren

Markarian-Galaxië fënnt ee bal bei all de morphologeschen Typpe vu Galaxien:

E Verglach mat anere Kataloge weist e groussen Deel vu pekuläre Galaxien ënner de Markarian-Galaxien, déi haaptsächlech als kompakt (post-)eruptiv Galaxien oder als interaktiv Galaxië klassifizéiert ginn. Et gëtt keen Zesummenhank tëscht dem morphologeschem Typ an dem Grad vum UV-Exzess.

Stellung an de Galaxiëkéip änneren

Markarian-Galaxien triede bal nëmmen a Galaxiëkéip op. Manner wéi zwéi Prozent vun de Markarian-Galaxië sinn Eenzelgalaxien, déi nëmme vu Satellittesystemer ëmgi sinn. An de Galaxiëkéip hunn d'Markarian-Galaxië keng besonnesch Plaz.

Aktivitéit vum Nukleus änneren

De gréissten Deel vun de Markarian-Galaxië gehéiert zu de Galaxië mat engem aktive galaktesche Kär:

D'Galaxië mat engem aktive Kär si statistesch signifikant méi dacks interaktiv Galaxien.

Donieft gehéieren nach Starburstgalaxien a fréier Starburstgalaxië mat groussen HII-Regiounen zu de Markarian-Galaxien. Bei dëse gouf en Zesummenhank tëscht dem UV-Exzess an der Stäregebuertsquot observéiert.