Zwerggalaxie

Galaxientyp

Zwerggalaxië sinn extragalaktesch Stäresystemer, déi zwar an der Morphologie den normale Galaxië gläichen, awer eng däitlech méi schwaach absolut Hellegkeet hunn. Fir dës Ofgrenzung gëtt meeschtens entweeder eng Hellegkeet vu -16 mag gewielt, oder en Duerchmiesser vun ënner 7.000 Parsec (22.000 Liichtjoer).

Et gëtt méi Zwerggalaxië wéi grouss Galaxien, se sinn awer op méi groussen Distanzen naturgeméiss méi schwéier z'observéieren. Si hunn e grousse Prozentsaz vun ellipteschen a Kugelformen (dE, dSph) an irregulärer Formen (dIrr).

Bekannt (relativ hell) Beispiller sinn déi zwéi Begleeder M 32 an M 110 vum Andromedaniwwel, d'Canis-Major-Zwerggalaxie oder d'Sagittarius-Zwerggalaxie. E Beispill fir eng ganz no Galaxie déi awer schwéier z'observéieren ass, ass d'Zwerggalaxie Draco.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Zwerggalaxie – Biller, Videoen oder Audiodateien