Marie Frédéric Henri Christiani

franséische Politiker

De Marie Frédéric Henri Christiani, gebuer de 15. Februar 1760 zu Stroossbuerg a gestuerwen och do de 26. Mäerz 1838, war e franséischen Historiker, Jurist, Deputéierten a Staatsbeamten.

Marie Frédéric Henri Christiani
Gebuer 15. Februar 1760
Stroossbuerg
Gestuerwen 26. Mäerz 1838
Stroossbuerg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker

Hie war 1783-1784 Professer fir Droit a Geschicht, a gouf 1786 Affekot a Gemengereceveur. No der Franséischer Revolutioun gouf e 1791 Member vum Directoire a gouf 1792 als Deputéierte vum Bas-Rhin zum Member vun der Convention gewielt (bis 1795). Duerno war en, bis 1797, Member vum Conseil des Cinq-Cents.

Duerno gouf e vum Directoire als Commissaire du gouvernement an d'Zentralvewaltung vum Departement Haut-Rhin geschéckt, wou en 2 Joer drop vum Gouvernement consulaire zum provisoresche Generalsekretär vun der Préfecture vu Stroossbuerg ernannt gouf. De 27. Ventôse vum Joer X (18. Mäerz 1802) gouf e Generalsekretär vum Département des Forêts.

1815, wärend de Cent-jours, gouf et e Sous-préfêt zu Stroossbuerg. Mä scho kuerz duerno, no der Restauratioun, war et mat senger Beamte-Karriär eriwwer.

Wierk änneren

  • Précis historique et chronologique du pays du Luxembourg, suivi d'une notice des principales villes du département des Forêts. Luxembourg: impr. de C. Lamort, 1805.

Quell, um Spaweck änneren