D'Marie-Josée Frank, gebuer den 12. Abrëll 1952 zu Iechternach, ass eng diploméiert Infirmière a Politikerin.

Marie-Josée Frank
Gebuer 12. Abrëll 1952
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Infirmier
Partei CSV

Si gouf 1999 op der Lëscht vun der CSV am Walbezierk Osten eng éischt Kéier als Deputéiert an d'Chamber gewielt a gouf 2004 an 2009 erëmgewielt. 2013 huet si net méi fir d'Chamberwale kandidéiert.

Vun 2000 bis 2011 war si Buergermeeschtesch vun der Gemeng Betzder.

Politesch Mandater an der Chamber 2004-2009 änneren

  • Member vun der Kommissioun fir Aker- a Wäibau zanter 03/08/2004
  • Presidentin vun der Kommissioun fir d'Famill, d'Gläichberechtegung an d'Jugend zanter 03/08/2004
  • Member vun der Kommissioun fir d'Gesondheet an d'Sozialsécherheet zanter 03/08/2004
  • Membre vun der Lëtzebuerger Delegatioun am Conseil Interparlementaire Consultatif de Benelux zanter 03/08/2004
  • Member vun der Aarbechtsgrupp Conférence des Présidents des Commissions permanentes zanter 27/10/2004

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/