Malvagna
Malvagna ass eng italieenesch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Messina an der Regioun Sizilien.
Malvagna | |
---|---|
Land | Italien |
Regioun | Sizilien |
Provënz | Messina |
Koordinaten | 37°55'6"N, 15°3'20"O |
Fläch | 6,71 km² |
Awunner | 629 (1. Januar 2023) |
Héicht | 715 m |
ISTAT | 083044 |
D'Uertschaft ass am 17. Joerhonnert entstanen. Vun 1928 bis 1947 huet d'Gemeng Malvagna mat der Gemeng Mojo Alcantara zesummen d'Gemeng Lanza forméiert.
Et gouf am Joer 1911 nach 2.166 Malvagnesi (wéi d'Awunner genannt ginn), sou huet hir Zuel zanterhier bestänneg ofgeholl, bis zu ronn 800 am Joer 2009.
Kuckeswäertes änneren
- Ruine vum Konvikt San Giuseppe, e Klouschter dat ëm 1640 gebaut gouf
- La Cuba, eng fréischrëschtlech Kierch aus dem 8. Joerhonnert
- Kapell vum Hl. Marco, d'Portal ass aus dem 16. Joerhonnert
Nopeschgemengen änneren
Castiglione di Sicilia, Francavilla di Sicilia, Mojo Alcantara, Montalbano Elicona, Roccella Valdemone.
Um Spaweck änneren
Commons: Malvagna – Biller, Videoen oder Audiodateien |