De Mäerterter Hafen ass en Hafen op der lëtzebuergescher Säit vun der Musel tëscht Mäertert a Gréiwemaacher. En ass laanscht d'Wäistrooss (d'N1 respektiv d'N10) gebaut ginn an ass deen eenzegen Hafe fir Wueren zu Lëtzebuerg. Vun der Entrée vum Hafe sinn et op der Musel 208,45 km bis bei de Rhäin zu Koblenz.

Am Mäerterter Hafen

En huet eng Fläch vu 65 ha a gehéiert dem Lëtzebuerger Staat. Bedriwwe gëtt e vun engem Konzessionär, der Société du Port de Mertert S.A.. Dës S.A. gouf den 3. Juli 1964 gegrënnt a gehéiert zu 50 % dem Staat, zu 40 % der Arcelor an zu jee 5 % der Dexia-BIL an der Fortis Bank.[1] Da gëtt et nach 2 Gesellschaften, eng, déi d'Schëffer be- an entluet, d'Luxport S.A., an d'Tanklux S.A., déi Pëtrolsprodukter luet, stockéiert an a Camionen an an Zëtärswagone fëllt.

D'Aktivitéiten am Hafen hänke staark vun deene vun der Eisen- a Stolindustrie of. Sou sinn am Joer 1990 nach 947.000 Tonne Wueren ageluede ginn, 2000 waren et der 491.000, fir 2004 op 290.000 t ze falen. Op der anerer Säit ass de Volume vun deenen entluedene Wueren am selwechten Zäitraum vu 735.000 op 1.138.000 t geklommen.

Den Hafen huet e Stroossennetz vu 6 km an en 20 km laangt Schinnennetz, déi un den internationale Verkéier ugeschloss sinn.

Beschreiwung änneren

 
De Quai vu Luxport

Den Hafe vu Mäertert besteet aus dräi Deeler, déi all um lénksen Uwänner vun der kanaliséierter Musel leien. Op der Musel selwer, gëtt et e Pëtrolsquai an e Quai d'attente. Tëscht deenen zwéi Quaien ass d'Entrée fir an den Hafebaseng, virun deem an engem Hallefkrees en Dréibaseng amenagéiert ass, fir datt d'Schëffer, déi aus Direktioun Frankräich kommen, oder dohi fuere wëllen, bei der An- an Ausfaart d'Kéier maache kënnen.

Den Hafebaseng änneren

Den Hafebaseng huet eng Fläch vu ronn 6 ha. Et ass 800 Meter laang, um Kapp ass et 70 Meter breet an an der Entrée 80.

De minimalen Déifgank ass 3,48 Meter.

Laanscht d'Quaie vum Baseng leien zwee Gleiser an zwou Stroossen, an op enger Fläch vu 7,02 ha, nieft dem Baseng, kënne Wuere stockéiert ginn.

De Pëtrolsquai änneren

 
Den Terrain vun der Tanklux

De Pëtrolsquai läit baussenzeg vum Hafebecke laanscht d'Musel vis-à-vis vun Temmels, an huet eng Längt vun 300 Meter. E geet vum PK 210,100 bis de PK 210,400. Den Uwänner ass befestegt, a fir d'Aktivitéiten um Quai sinn 78 ar Terrain virgesinn.

De Quai d'attente änneren

De Quai d'attente läit laanscht Mäertert an ass 212 Meter laang. E geet vum PK 208,160 bis de PK 208,372.

D'Quaimauer ass mat Palplanchë befestegt.

En ass geduecht fir Schëffer, déi waarde musse fir an den Hafebaseng eranzefueren, oder fir Convoien zesummenzestellen.[2]

Geschicht änneren

D'Gesetz vum 22. Juli 1963 huet d'Grondlag geschaf, en Hafen zu Mäertert ze bauen an z'exploitéieren. Den éischte Spuetstéch gouf den 13. Februar 1964 gemaach. Den 3. Dezember 1965 konnt de Baseng vum Hafe volllafe gelooss ginn, an den 19. Abrëll 1966 konnt dat éischt Schëff gefeiert ginn. Den 1. September 1966 hunn de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte den Hafe feierlech ageweit.[3]

Um Spaweck änneren

Commons: Mäerterter Hafen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Der Hafen in Mertert wird 50 - Von Mertert in die Welt hinaus op wort.lu vum 6. Juli 2016
  2. D'Donnéeë vun der Beschreiwung sinn aus dem Gesetztext vum 11. August 1970 iwwer den Amenagement an d'Exploitatioun vum Hafen
  3. Wichtige Daten Archivéiert op 2016-08-23. Gekuckt de(n) 2016-07-06.