Luna 25

russesch Moundsond
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Luna 25 oder Luna-25 (fréier Luna-Glob, Russesch Луна-Глоб) war eng russesch Moundsond, déi geduecht war fir Methoden ze testen, fir beim -70° Breedegrad um Mound ze landen. Do dernieft sollt se och de Regolith an d'Exosphär op der Landeplaz ënnersichen.

Luna 25
Maquette vun der Luna 25 (2015)
Missiounszil Äerdmound
Land Russland
Agentur Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Startmass 1.750 kg
Start 10. August 2023, 23:10 UTC
Enddatum 19. oder 20. August 2023
Startplaz Weltraumgare Wostotschny
Drorakéit Sojus-2.1 b
Status erofgefall

Se gouf den 10. August 2023 mat enger Drorakéit vum Typ Sojus-2.1 b vun der Weltraumgare Wostotschny gestart a sollt den 21. August 2023 beim Krater Boguslawsky landen. D'Missioun war awer den 19. oder 20. August 2023 eriwwer, well d'Luna 25 op de Mound erofgefall ass.

Luna 25 war déi éischt Moundmissioun no der sowjetescher Moundsond Luna 24 am Joer 1976. Am Fong hätt se 2012 scho solle starten, den Termäin gouf awer e puermol geréckelt. Uganks huet déi russesch Raumfaartagence Roskosmos mat der europäescher Agence ESA zesummen um Moundprogramm geschafft; d'Kooperatioun gouf awer wéinst dem Ugrëffskrich vu Russland op d'Ukrain am Joer 2022 vun der ESA gekënnegt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren