General Catalogue of Variable Stars

Den General Catalogue of Variable Stars (GCVS) ass e Stärekatalog mat Verännerleche Stären.

Den GCVS gouf 1948 fir d'éischt vun der UdSSR-Akademie vun de Wëssenschaften an dem Sternberg-Institut fir Astronomie an der Lomonossow-Universitéit mat 10.820 benannte verännerleche Stären am galaktesche Feld publizéiert. Déi zweet Versioun gouf 1968 an déi drëtt Versioun an de Joren 1985 bis 1987 publizéiert. Hien enthält 40.215 Inscriptiounen an dräi Bänn (Stand 2010), woubäi 11.844 nei verännerlech Stären an d'Nummlëscht nogedroe goufen.

De véierte Band enthält d'Referenze vu verännerleche Stären an de fënnefte Band 10.979 Verännerlecher an extragalaktesch Systemer wéi d'Magellanesch Wolleken, Andromedagalaxie etc.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren