Louis Charles Crespin

belsche Moler

De Louis-Charles Crespin, gebuer den 2. August 1892 zu Bréissel a gestuerwen den 30. Mäerz 1953 zu Saint-Josse-ten-Noode, war e belsche Moler.

Louis Charles Crespin
De Louis-Charles Crespin als Kand, op engem Bild vum Henri Evenepoel (1895)
Gebuer 2. August 1892
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Gestuerwen 30. Mäerz 1953
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Nationalitéit Belsch
Educatioun Académie royale des beaux-arts
Aktivitéit Moler
« Église », an der Kollektioun vum Nationalmusée um Fëschmaart

Biographie änneren

De Crespin war Member vum Bréisseler Cercle artistique et littéraire an huet ënner anerem am Cercle artistique zu Bréissel, zu Paräis, an der Royal Academy zu London an a villen europäesche Stied ausgestallt.

Seng Wierker ginn an de Sammlunge vu Konschtmuséeen zu Bréissel, Saumur, Bern an a private Sammlunge conservéiert. Eng Waasserfaarf-Zeechnung (datéiert op d'lescht Quartal vum 19. Joerhonnert bis d'éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert) ass an der Kollektioun vum Nationalmusée um Fëschmaart.

Hien huet och Glasmolereie gemaach, ë. a. fir d'Notre-Dame du Sablon an d'Basilika Koekelberg.zu Bréissel.

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • René Édouard-Joseph, Dictionnaire biographique des artistes contemporains, tome 1, A-E, Art & Édition, 1930, p. 332
  • Bénézit, 1961

Um Spaweck änneren

Commons: Louis Charles Crespin – Biller, Videoen oder Audiodateien